Sie sind hier

Interpellatioun iwwert de Waasserschutz

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Interpellatioun iwwert de Waasserschutz

A senger Interpellatioun huet den DP-Deputéierte Gusty Graas dorobber opmierksam gemat, dass proppert Waasser näischt Selbstverständleches ass, mä mir nach vill ze maachen hunn, fir d’Waasserqualitéit vun eise Gewässer ze verbesseren.

Renaturéierung ass dee richtege Wee

« Besonnesch d’Renaturéierung vun eise Gewässer ass e ganz wichtege Volet. D’Renaturéierung vun eise Baachen a Flëss ass net nëmmen eng gutt Waff géint Iwwerschwemmungen, mä se erhéicht och Selbstrengegungskraaft vum Waasser » sou de Süd-Deputéierte Gusty Graas, dee mat senger Interpellatioun op d’Wichtegkeet vun enger efficacer Gewässerschutzpolitik hiweise wëll.

Eis Kläranlagen musse moderniséiert ginn

Den Zoustand vun eise Gewässer ass net gutt. Eng Deelschold droen eis veraalte Kläranlagen. Dass Lëtzebuerg säit dräi Joer 2800 € Strof den Dag dowéinst muss bezuelen ass kee Geheimnis. Investissementer an d'Moderniséierung vu Kläranlage kaschten awer enorm vill Geld. Dofir sot de Gusty Graas : « Et ass net grad glécklech, dass de Staat an Zukunft just nach 50% vun dësen Investissementer dréit. Ech fäerten, dass doduercher verschidde Gemengen demotivéiert ginn an de Gewässerschutz ze investéieren ! »

Mir wäerten ëmmer méi Drénkwaasser brauchen

« Och wa mer kierzlech d’Kapassitéite vum SEBES erhéicht hunn, musse mer awer haut schonn derfir suergen, dass mir muer nach genuch Drénkwaasser fir jiddereen hunn ! » sot de Gusty Graas an der Chamber. Iergendwann stousse mer nämlech erëm un eis Grenzen.

Zum Schluss huet den DP-Deputéierte kloergestallt, dass et elo d’Politik an der Verantwortung ass sech weider dofir anzesetze fir d’Qualitéit vun eise Gewässer ze verbesseren. Dofir ass et wichteg dass niewent den Investitiounen d’Administratioune genuch Personal zur Verfügung hunn fir dës Ziler ze erreechen.

 

Hei de Link zu der Ried vum Gusty Graas [méi...]

 


Gusty Graas