Sie sind hier

Nei international Schoul zu Déifferdeng

News Bildung Lex Delles Eugène Berger

Et geet drëms Schouloffer ze diversifizéiere fir datt alleguerten d’Schüler, onofhängeg vun hirer Mammesprooch, déi selwecht Reussitechancen hunn. Dofir brauche mer een ëffentleche Schoulsystem deen sech deene verschiddene Profiler upasst.

A senger Interventioun huet de Lex Delles als Rapporteur betount, dass déi nei international Schoul eng adäquat Äntwert duerstellt op déi ëmmer méi heterogen Schoulpopulatioun. „Et ass dem Staat seng Verantwortung fir den ëffentleche Schoulsystem esou auszeriichten, dass all Kand, onofhängeg vu sengem sproochlechen oder kulturellen Hannergrond, d’Chance huet an der Schoul ze réusséieren."

Gläichzäiteg huet den DP-Députéierten betount, dass déi nei Schoul eng ëffentlech Schoul wäert sinn a fir all Kand zougänglech ass. Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger ass a senger Ried op d'Virwërf vun der CSV agaangen, dass an der Edukatiounspolitik "Stëllstand" géif herrschen. De Géigendeel wäer de Fall, den Edukatiounsminister Claude Meisch géif gudd an intensiv schaffen.

Weider Informatiounen

  • Ried vum DP-Deputéierten Lex Delles [méi...]
  • Ried vum DP-Deputéierten Eugène Berger [méi...]

Eugène Berger

Lex Delles