Sie sind hier

Triple A-Rating

News Tribune libre Finanzen André Bauler

Léif Nolauschterer,

Um Radio, op der Tele an an den Zeitungen geet ëmmer nees rieds vum Triple A-Rating vu Lëtzebuerg. An datt déi Bewäertung extrem wichteg fir eist Land wier.

Wat no politescher Floskel klénge kéint, huet awer effektiv e groussen Afloss op eis Staatsfinanzen an op eis Finanzplaz.

Déi Bewäertung –  déi vun onofhängege Ratingagencë gemaach gëtt – schätzt d’Kreditwierdegkeet vun engem Land an.

Mam Rating gëtt festgehalen, mat wéi enger Warscheinlechkeet e Land an der Lag ass, fir seng Scholden ze bezuelen, respektiv net ze bezuelen.

Dat ass e wichtegt Element fir Investisseuren, déi dank dem Rating virun allem de finanziellen an och politesche Risiko vun engem Investissement – an dësem Fall a Lëtzebuerger Staatsobligatiounen – aschätzen. Sou kënnen si entscheeden, ob an zu wéi enge Konditiounen si hir Suen engem Land léine wëllen.

Wat de Risiko méi grouss ass, wat de Rating méi schlecht ass, wat Lëtzebuerg also méi héich Zënsen un d’Investisseure bezuele muss.

Lëtzebuerg huet de beschtméigleche Rating – also den ominéisen Triple A – vun deem nëmmen ee Grappvoll aner Länner op der Welt profitéieren.

Den Triple A erméiglecht dem Staat fir relativ bëlleg ze léinen.

Fir d’Käschte vun der Covid-Kris ze finanzéieren, konnt eist Land – dank dëser Notatioun – esouguer Scholde mat Negativzënsen ophuelen. Dat heescht, datt de Staat méi Suen zur Verfügung gestalt krut, wéi en um Enn zeréckbezuele muss.

De Staat ka wéinst dem Triple A deemno méi Sue fir Mesüren am Intressi vu senge Bierger ausginn.

Den Triple A dréit awer och zur Attraktivitéit vun eiser Finanzplaz bäi. De Lëtzebuerger Staat profitéiert net nëmme vum Triple A, wann e Sue léint, mee déi gutt Bewäertung huet och e reellen Impakt op d’Acteure vun der Finanzplaz, déi ënnert anerem vu méi gënschtege Konditioune profitéiere kënnen fir hir Aktivitéiten op de Mäert ze finanzéieren.

Léif Nolauschterer,

Déi virsiichteg Budgetspolitik vum Finanzminister Pierre Gramegna aus de leschte Joren, dréit haut hir Friichten. D’Staatsschold gouf virun der Kris ofgebaut, trotz Rekordinvestissementer an d’Zukunft. Déi Politik gëtt eis haut de néidege Sputt fir de Leit, de Betriber an den Independanten duerch déi schwiereg Zäiten ze hëllefen.

Déi rezent Bestätegung vun eisem Triple A duerch déi gréisste Ratingagencen ass eng gutt Nouvelle an ass op e Neits de Beweis, datt eis Staatsfinanze gesond sinn.

Den Triple A ass eng wichteg Stäerkung vun eiser Finanzplaz a garantéiert, datt eist Land weider e gudde Ruff an eng héich Kreditwierdegkeet weltwäit huet.

 


André Bauler

AnhangGröße
Audio Icon 20200928_abauler_tribune_libre.mp3724.88 KB