Sie sind hier

Däitlech méi fir d'Famill

News Familie Lydie Polfer Edy Mertens Claude Lamberty Anne Brasseur Lex Delles Joëlle Elvinger Alexander Krieps André Bauler Gilles Baum Simone Beissel Eugène Berger Max Hahn Gusty Graas

 deutsche Übersetzung
 traduction française
 English translation

 

D’DP mécht sech staark fir all d’Leit a setzt sech geziilt fir d’Familljen an. Mir wëllen hiren Alldag erliichteren an d’Elteren an d’Kanner aktiv ënnerstëtzen.

Däitlech méi Entlaaschtung

Vun de Steiererliichterungen zanter 2017 profitéiere virun allem d’Stéit mat engem klengen a mëttleren Akommes. Ganz geziilt ënnerstëtze mir awer och d’Wunnen, sief et iwwer besser Ofsetzméiglechkeete beim Bauspueren oder d’Ofsetze vun de Scholdzënsen um Eegenheem.

Eltere vu Kanner am Alter vun 1 bis 4 Joer profitéieren zanter Oktober 2017 vun 20 Stonne gratis Kannerbetreiung d’Woch.

D’Schoulbicher am Secondaire wäerte vum nächste Joer un fir jiddwer Schüler gratis ginn.

Weider Informatiounen [méi...]

Däitlech méi Zukunftschancë fir eis Kanner

Eng individuell Fërderung vun all Kand suergt fir däitlech méi Qualitéit an der Kannerbetreiung an an der Schoul.

Duerch d’Sproochefréifërderung léieren d’Kanner virop Lëtzebuergesch. Parallel dozou kréien se och en éischte spilleresche Kontakt mam Franséischen.

Eng méi grouss Offer an de Schoulen erlaabt et besser op d’Stäerkte vun all Schüler anzegoen. Fir déi Jonk op déi digital Welt vun haut a muer virzebereeden, soll doriwwer eraus all Schüler mëttelfristeg en Tablett kréien. Dat erlaabt et de Schoule fir nei Léiermethoden unzebidden.

Weider Informatiounen [méi...]

Däitlech méi Zäit

Zur Freed vu ganz villen Elteren ass zanter ronn engem Joer den neie Congé parental a Kraaft. En ass vill méi flexibel an erlaabt de jonken Elteren z.B. fir 20 Méint laang e Congé parental vun engem Dag d’Woch ze huelen. Den neie Congé parental ass awer och finanziell vill méi attraktiv ginn.

De Pappecongé bei der Gebuert vum Kand geet vun 2 op 10 Deeg an d’Luucht. Déi jonk Pappe wëllen a solle méi Zäit hu fir hire Puppelche kennenzeléieren. D’Mamme kréien an Zukunft alleguerten 12 Woche Congé de maternité no der Gebuert. A wann d’Kanner mol krank sinn, da brauchen d’Elteren eng gewësse Flexibilitéit fir sech z’organiséieren. De Congé „pour raisons familiales“ gëtt dofir méi flexibel, fir datt d’Mamm an de Papp och kënnen do sinn, wann hiert krankt Kand si brauch.

D’DP huet déi läscht Jore vill fir d‘Kanner an d’Familljen erreecht, mee et bleift nach vill ze maachen. Dofir setze mir eis all Dag an.

Weider Informatiounen [méi...]

Däitlech méi konkret Politik

D’DP an hir Deputéiert an der Chamber schaffen dofir, datt et de Bierger an de Familljen hei am Land besser geet an all Kand déi selwecht Zukunftschancë kritt.

Konkret heescht dat Steiererliichterungen, eng qualitativ héichwäerteg Kannerbetreiung an eng besser schoulesch Offer. Méi fir d’Familljen heescht och e bessere Congé parental, méi Pappecongé a Congé de maternité. Dat ass konkret DP-Politik am Sënn vun de Familljen, fir déi mir eis weider asetzen.

1. Rei v.l.n.r.: Gilles Baum, André Bauler, Lydie Polfer, Eugène Berger (President vun der DP-Fraktioun), Simone Beissel, Alexander Krieps, Lex Delles
2. Rei v.l.n.r.: Gusty Graas, Joëlle Elvinger, Claude Lamberty, Anne Brasseur, Edy Mertens, Max Hahn

Gesidd Är Deputéiert an ärer Regioun

Dënschdeg, de 14. November 2017

  • Plëss an der Stad vun 12 bis 14 Auer

Mëttwoch, de 15. November 2017

  • Maart zu Rammerich vun 10:30 bis 12 Auer

Freideg, de 17. November 2017

  • Maart zu Ettelbréck vun 10:30 bis 12 Auer

Samschdeg, den 18. November 2017

  • Maart an der Stad um Knuedler vun 8 bis 12 Auer
  • Maartplaz zu Iechternach vun 10 bis 12 Auer
  • Uelzechtstrooss zu Esch-Uelzecht vun 10 bis 12 Auer
  • Entrée vum Parc zu Munneref vu 14 bis 16 Auer
  • Maartplaz zu Diddeleng vu 14 bis 16 Auer

Méindeg, den 20. November 2017

  • Réimecher Moart vun 16:30 bis 18:30 Auer

Sonndeg, de 26. November 2017

  • X-Mas-Shopping a Chrëschtmaart an der Foussgängerzone an der Stad vu 14 bis 16 Auer