Sie sind hier

Veruerteelen ouni d’Brécken ofzebriechen

News Außenpolitik Anne Brasseur

Resolutioun zur Lag an der Tierkei

D’Lag an der Tierkei ass alarmant. Nom versichte Putsch, mee och scho virdrun, sinn d’Regele vum Rechtsstaat net méi respektéiert an déi individuell Fräiheeten ausgeklamert ginn. An deem Kontext huet en Mëttwoch d’Chamber eng Resolutioun ugeholl, déi d’tierkesch Republik opfuerdert um Wee vun der Demokratie ze bleiwen.

D’Resolutioun appelléiert och un déi tierkesch Autoritéiten sech kloer géint d'Afféierung vun der Doudesstrof auszeschwätzen. Als Spriecher vun der DP-Fraktioun huet d’Anne Brasseur drun erënnert, datt sech d’Resolutioun, an d’Diskussioun an der Chamber net géint Tierkei oder d’Tierke wendt. D’Tentative vum Putsch, esou wéi d’terroristesch Akten, mussen op d’Schäerfst condamnéiert ginn, mee justifizéieren net datt den tierkesche Staatschef d’Regele vum Rechtsstaat mat Féiss trëppelt.

Et geet net ëm ons, net ëm d'Glafwierdegkeet vun der EU, mee ëm individuell Fräiheete vun der Tierkei. All Brécken ofbrieche wier falsch, sief dat um Niveau vum Conseil de l’Europe oder vun der EU. Mir mussen se mat abannen, an hëllefen op de Wee vun der Rechtsstaatlechkeet ze kommen“, huet déi eemoleg Presidentin vun der Assemblée generale vum Conseil de l’Europe erënnert. „Ech hoffen dass an Zukunft Tierken nees kënne stolz sinn op hiert Land, well si hunn ee fantastescht Land, a si hunn eppes besseres verdéngt wéi dat wat am Moment de Fall ass“, huet d’Zentrums-Deputéiert ofschléissend betount.

 

view video on chd.lu


Ried vum Anne Brasseur

 


Anne Brasseur