Sie sind hier

Immobilieprêt: eng besser Ofsécherung fir d'Clienten

News Finanzen Eugène Berger

Dës Woch ass an der Chamber e Gesetzesprojet gestëmmt ginn, dee Client'en vun Immobilieprête besser schütze wäert. De Rapporteur Eugène Berger erkläert.

 

"Mir hunn eng ganz Rei konkret Mesurën agefouert fir de Konsument besser ze protegéieren, well schliisslech ass e Immobilieprêt eng wichteg Entscheedung:

1) Kloer Informatioune fir de Client duerch d'Aféiere vun enger standardiséierter « fiche d’information standardisée européenne » (FISE) déi d' Haaptinformatiounen zu engem Immobiliekredit kloer an an einfache Wieder erkläert, dat zum Beispill wat den effektive globale Jores-Taux ugeet.

2) D'Solvabilitéit, also Kapassitéit fir de Prêt zréckzebezuelen, gëtt genau ënnert d'Lupp geholl, esou dass eng Bank kee Prêt gëtt, deen de Client net zeréckbezuele kann

3) Wat de sougenanntenen « remboursement anticipé » ugeet, kënnt et zu neien, méi strenge Reegele fir d'Banken. Wann een säi Prêt éischter zréckbezuele wëll, kann d'Bank nëmmen eng begrenzten Zomm dofir froen. Fir all Prêten ënnert 450.000 Euro, kann d'Strof net méi héich wéi 6 Méint Zënse par Rapport zu deem Betrag deen de Client zeréckbezuele wëll, sinn. Just wann de Prêt méi héich wéi déi 450.000 Euro ass, kann d'Bank fir den Iwwerschoss de reelle Coût verrechnen. Dëst applizéiert sech op all d'Verträg déi nom 21. Mäerz 2016 ofgeschloss goufen."

 

view video on chd.lu


Ried vum Rapporter Eugène Berger

 


Eugène Berger