Sie sind hier

Primmen am Agrarsecteur

News Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Well et dem DP-Deputéierte Gusty Graas zu Ouer komm ass, dass momentan vill Bauere Schwieregkeeten hunn hire Prêt ze rembourséieren oder lafend Rechnungen ze bezuelen, huet hien de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen gefrot, wéini d‘2016 déi verschidde Primmen ausbezuelt ginn an ob ee keng Avancen iwwerweise kéint fir den Liquiditéitsschwieregekeete vu verschidde Baueren entgéint ze wierken.

De Landwirtschaftsminister huet geäntwert, dass 2016, genau sou wéi dat och 2015 de Fall war, et d’Zil ass regelméisseg Paiementer ze effectuéieren. Hien huet präziséiert wéini wéi eng Primmen ausbezuelt ginn:

  • Déi 3. Woch Oktober 2015 gouf eng Avance vu 70% vun der Basisprimm (insgesamt 22 Milliounen €) iwwerwisen.

  • An der 2. Woch Dezember goufe 85% vun der Indemnité compensatoire (12,5 Milliounen €) ausbezuelt. Normalerweis gëtt dës Primm réischt am Mäerz iwwerwisen.

  • Den 11. Dezember 2015 gouf déi staatlech Partizipatioun vun de Soziallaaschte fir d’Méint Januar bis August 2015 ausbezuelt (2,5 Milliounen €). De Recht fir d’Méint September bis Dezember 2015 misst Enn Abrëll/Ufanks iwwerwise ginn (1,2 Milliounen €).

  • Den 12. Januar 2016 goufen déi 700.000€ aus dem europäesche Krisepak ausbezuelt, an déi 700.000€ déi Lëtzebuerg nach drop geluecht huet.

  • Den 3. Februar gouf d’Drëscheprimm an Héicht vun 9.000.000€ ausbezuelt.

  • Enn Mäerz gëtt de Recht vun der Indemnité compensatoire iwwerwisen (15% vu 15 Milliounen €)

  • Enn Abrëll gëtt de Recht vum Payement de Base ausbezuelt (knapp 6,5 Milliounen €)

  • Enn Abrëll fällt och d’Léguminose-Primm (160.000€) an de Jongbauerezouschlag vu 5000€ / Betrib un

  • Enn Abrëll gëtt och eng Avance (vu ca. 7 Milliounen €) vun der Landschaftspflegeprimm vun 2015 ausbezuelt an zwar 50€/ha fir Akerland an 85€/ha fir Gréngland.

  • Enn Juni gëtt dann de Recht um Gréngland (kann am Kader vun der Landwirtschaftspflegeprimm „+“ bis 160€/ha goen), genau wéi de Greening (iwwer 3 Milliounen €) iwwerwisen.

  • Doniewent wäerten och nach d’Primme fir d’Agrarëmweltmoossnamen ausbezuelt ginn.

  • D’Landwirtschaftsplegeprimm fir 2016 misst wéi üblech am Dezember 2016 ausbezuelt ginn, esou datt 2016 dës Primm zweemol ausbezuelt gëtt.

De Minister huet och vun der Geleeënheet profitéiert, fir ze preziséieren, dass kee Land an Europa seng Landwirtschaft esou massiv ënnerstëtzt, wéi dat dës Regierung mécht. Kee Land an Europa huet an deem Mooss national Bäihëllefen als Top-up an dëse Krisenzäite ginn a kee Land an Europa huet esou e finanziell ambitiéis ausstafféierte PDR virgeluecht wéi de lëtzebuerger Landwirtschaftsministère.

Gusty Graas