Sie sind hier

Mediateur de la Consommation geschafe

News Gesellschaft Simone Beissel

Fir e bessere Schutz fir d’Konsumenten an e besseren Accès zu ausseriichtleche Léisung gouf am Gesetz vum Code de la Consommation e Mediateur de la Consommation geschafen.

D’Simone Beissel sot an sénger Ried derzou, datt dës Regierung sech de Schutz vun de Konsumente grouss op de Fändel geschriwwen huet, an et duerfir extrem wichteg ass, dass deen Text gestëmmt gouf.

D’DP-Deputéiert ass och frou, dass mer elo endlech en europäesche Kader hunn fir de Règlement extrajudiciaire, deen de Konsumenten an deem Gebitt europawäit e level playing field ka bidden. D’Ëmsetze vun dëser Directive wäert och derfir suergen, dass de Règlement extrajudiciare Exigence vu Kompetenz, Impartialitéit, Transparenz an Onofhängegkeet, wat den A an den O vun enger efficacer Mediatioun ausmécht, Rechnung dréit.

D’Simone Beissel huet och dorop higewisen, datt et Konsumente ginn déi einfach d’Moyenen net hunn sech en Affekot ze huele fir géint e Litige op d’Geriet ze zéien! A fir esou Leit net ouni Moyene virun Injusticen am Ree stoen ze loossen ass e Règlement extrajudiciare e grousse Schrëtt fir méi Gerechtegkeet.

Weider Informatiounen

Ried vun der DP-Deputéiert Simone Beissel [méi...]

Simone Beissel