Sie sind hier

Nolauschteren, matmaachen, zesummenhalen

News Tribune libre Gesellschaft Marc Ruppert

Nolauschteren, matmaachen, zesummenhalen – dat ass de Motto, deen d'Demokratesch Partei sech viru 6 Méint op hirem Kongress ginn huet;

Dëst sinn zwar nëmmen 3 Wierder, ma an deene stécht richteg vill dran.

Ugefaange mam Begrëff nolauschteren.

Dem Bierger nolauschteren, de Bols vun de Bierger spieren: Eigentlech eng Selbstverständlechkeet an awer eng Aufgab déi ville Meschen a sécherlech och ville Politiker méi schwéier fält, wei se gären zouginn.

Als iwwerzeegten Demokraten, ass et ons Aufgab net nëmmen de Bols beim Bierger ze spieren, mee och d’Politik den Ufuerderunge vun de Leit unzepassen.

Dëst huet eng DP zum Beispill bei jonke Familljen a Leit déi an der sougenannter Rush Hour vum Liewe si gemaach.

Sou bestoung bei ville Leit ee reelle Besoin grad an där Liewensphasen, wou si Fouss faassen an der Aarbecht, Kanner kréien an een Daach iwwert dem Kapp sichen, eng méi grouss Ënnerstëtzung vum Staat ze kréien.

Des Ënnerstëtzung, a Form vum Congé parental, vun der Subvention Loyer oder steierlechen Ënnerstëtzunge beim éischten Eegenheem,sinn eng Reaktioun op präzis Ufuerderungen, déi d’Leit haten an hunn.

Nolauschtere steet deemno fir des Politik, déi d’Demokratesch Partei och an den nächste Jore weiderfeiere well. Fir jidderengem an awer och besonnesch deene Leit déi an der Rush Hour vum Liewe stinn, fair Chancen op d’Zukunft ze bidden.

Eng Gesellschaft déi zesumme funktionéiert brauch awer och Leit déi wëlle matmaachen, déi sech wëllen engagéieren. Domat wiere mir beim zweete Wuert vum onsem Motto: matmaachen

Ons Zukunft läit an onsem Hänn, an den Hänn vu jiddwer eenzelen. Mir hunn an onsem Land esouvill Engagement, an onse Veräiner, am Gemengeliewen, an de Schoulen an op villen anere Plazen. Et sinn déi vill kleng Initiativë vu ville Leit, déi souvill zu onsem Zesummeliewe bäidroen. Initiativen déi d’ Politik ënnerstëtzte well a muss. An dat virun allem och duerch déi néideg Unerkennung. Dofir: Ob fräiwëlleg Pompjee, Guiden a Scouten, Museker, Sportler, Kënschtler oder soss sozial engagéiert Bierger, iech all gehéiert ons déifsten Unerkennung fir äert Engagement, dat Lëtzebuerg reischt zu deem gemaach huet wat et haut ass: En wonnerschéint liewegt Land matten am Häerz vun Europa, ee Land em dat vill Leit ons beneiden.

Komme mir zum leschte Wuert: zesummenhalen. Wat hält eng Gesellschaft eigentlech zesummen?

Eng Gesellschaft hält zesummen, wa sozial Gerechtegkeet grouss geschriwwe gëtt, wa Kanner, egal vu wou si kommen déi selwecht Chance kréie fir am Liewen ze reusséieren.

Zesummenhalt stäerke fänkt deemno bei deene Klengsten un.

Ee Beispill dofir ass d'Bildungspolitik. Mir wëssen, wéi wichteg d'Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch ass an domat och fir den Zesummenhalt zu Lëtzebuerg. An dofir wäert an der Kannerbetreiung grad och d'Lëtzebuergesch zukünfteg e Must sinn a jidderee wäert deemno mat onser Sproch a Kontakt kommen.

Zesummenhalt stäerken, geet zousätzlech nëmmen, wann d’Friemsproochen an der Schoul keng oniwwerwannbar Hürde sinn. Et kann net sinn, datt Problemer an enger eenzeler Sprooch dozou féieren, datt Kanner op der ganzer Linn scheiteren.

Zesummenhalt zu Lëtzebuerg stäerken, geet schliisslech och net ouni individuell Betreiung vun eise Kanner, fir datt ee besser op d'Stäerkten a Schwächte vun deem Eenzele kann agoen. Well investéiere mir haut net an eis Kanner, wäerte mir muer eng deier Rechnung servéiert kréien.

“Nolauschteren, matmaachen, zesummenhalen,”ass deemno net nëmmen den DP Motto mee steet doriwwer eraus fir onst Land an all déi Leit déi sech bei ons am Land doheem spieren a mat dozou bäidroen dass Lëtzebuerg ee liewenswäert Land ass.

 


Marc Ruppert