Sie sind hier

En neie Pakt fir méi bezuelbare Wunnraum

News Finanzen Gemeinden Landesplanung und Wohnen Steuern Max Hahn

En Dënschdeg war um Krautmaart eng Consultatiounsdebatt iwwert de Pacte Logement 2.0, den ab Januar 2021 den éischte Pakt tëscht dem Staat an de Gemenge ab Januar 2021 wäert ofléisen.

D’Gemenge sollen nieft dem Staat an den ëffentleche Bautreeger den drëtte Pilier am Wunnengsbau sinn. Dofir ass et elo wichteg, dass d’Gemenge mat finanzieller Hëllef vum Staat kënne besser vun hirem Virkafsrecht profitéieren an op deenen Terraine virun allem abordabele Wunnraum schafen. 

De Schwéierpunkt vum Pacte Logement 2.0 läit op bezuelbarem Wunnraum. D’Gemenge kënnen op hirem Terrain baue loossen an duerno d‘Wunnengen zu engem abordabele Präis verlounen. Wann de Promoteur awer op sengem Terrain e gréissere Projet realiséiert, sollen eng 10% vum Wunnraum un d’Gemeng, de Staat oder un déi ëffentlech Bautreeger ofgetruede ginn.

 „Wa mir gären hätten, dass d’Gemengen e wichtegen Acteur am Wunnengsbau ginn, däerfe mir net vergiessen, dass de Wunnengsbau net zu den obligatoresche Flichte vun enger Gemeng gehéiert. Dofir hu mir schonn an eisem Walprogramm gefuerdert, dass d’Gemengen e Beroder kréien,  fir hinnen den Know-How an der Matière ze ginn. “, esou den DP-Spriecher Max Hahn.

Dee Beroder soll de Gemenge bei der Planung, bei der Realisatioun a bei der Gestioun vu Bauprojeten ënnert d’Äerm gräifen.  Och déi finanziell Ënnerstëtzung muss fir d‘DP weider eng wichteg Roll spillen; esouwuel fir Wunnraum ze schafen, awer och fir d’Infrastrukturen auszebauen oder ze erneieren.

D’DP wiert sech weider géint eng Spekulatiounstax. Mat enger Reform vun der Grondsteier, esou wéi mat de Baulandverträg, wier eng Spekulatiounstax iwwerflësseg!

„D'DP steet zu hirem Engagement, datt eidel Wunnengen a onbebauten Terrainen an Zukunft méi staark belaascht solle ginn. Am Géigenzuch wäerte Leit, déi an hirem eegenen Haus oder Wunneng wunnen, net vun dëser Reform betraff sinn“, esou nach de Max Hahn.


Max Hahn