Sie sind hier

Den Déierschutz eescht huelen!

News Tiere Edy Mertens Gusty Graas

Déiere si Liewenswiesen

Mam neien Déiereschutzgesetz ginn Déieren an Zukunft net méi als „Saach“, mä als Liewewiese mat Gefiller betruecht, déi Péng verspieren an och Emotiounen ausdrécken. „Mir wëllen domadder d’Déieren op en Niveau stellen, deen si am 21. Joerhonnert ouni Zweiwel verdéngen“, esou den DP-Rapporter Gusty Graas.

Méi haart Strofe fir Déierequäler

D’Strofe fir Leit déi Déiere quäle ginn drastesch an d’Luucht gesat ginn. Finanziell kann een an Zukunft eng Geldstrof vu bis zu 200.000€ kréien a bei ganz schwéieren Delikter kann een och bis zu 3 Joer an de Prisong kommen. Fir Widderhuelungstäter kënnen dës Strofen esouguer verduebelt ginn! An Zukunft kann och méi séier reagéiert ginn wann e Fall vun Déierequälerei festgestallt gëtt. Bei administrative Sanktioune kënnen Déiere confisquéiere ginn an op eng Plaz ënnerbruecht ginn wou si eng adequat Betreiung kréien.

Keng wëll Déieren an Zirkussen

Den Zirkus dierf och nach weiderhin op Lëtzebuerg kommen, mä wëll Déiere an der Arena wäerte bei eis am Land an Zukunft net méi erlaabt sinn“, betount de Gusty Graas.

Keen onnéideg Doutmaache vun Déieren

An Zukunft dierfen Déieren zu Lëtzebuerg och net méi aus ekonomesche Grënn doutgemaach ginn. Sou dierf ee keng männlech Jippelcher méi Schreddere just well déi keng Eeër leeën an et dierf een och keng Déiere méi ziichten, déi ee just wéinst hirem Pelz, hire Plommen oder hirer Haut doutmécht. Lëtzebuerg ass dat éischt Land an Europa wat dat aféiert.

Juegd, Fëscherei a Ongeziefer sinn net concernéiert

D’Juegd an d’Fëscherei hunn hir eege Gesetzer sou datt si net ënnert dat neit Déiereschutzgesetz falen. Et wäert also och an Zukunft erlaabt bleiwen Ongeziefer wéi Mécken, Moustiquen a Spannen Doud ze maachen.

Ried vum Rapporter Gusty Graas

D’Wuelbefanne vun Déiere a Landwirtschaft ass kee Widdersproch

Den DP-Deputéierten Edy Mertens ass der Meenung, datt eis Landwirtschaft nach ëmmer op d’Wuelbefanne vun hire Béischten opgepasst huet. „Et dierf een net vergiessen datt de Bauer och en ekonomesche Virdeel huet wann en seng Déiere gutt hält. Eis Betriber hunn och verstanen, datt de Konsument net méi bereet ass Produiten ze kafe vun Déieren, déi ënner onméigleche Konditioun gehale ginn! Jo, d’Wuelbefanne vum Déier ass fir eis Landwirtschaft och en ekonomesche Facteur“, esou den Nord-Deputéierten.

Ried vum Edy Mertens

Informatiounscampagne op www.deiereschutzgesetz.lu

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen huet op der Chamberstribüne betount, datt dat neit Déiereschutzgesetz ee modernen Text ass mat deem Lëtzebuerg eng Virreiderroll an Europa wäert spillen. Doniewent huet hien eng Sensibiliséierungscampagne ugekënnegt mat enger Internetsäit www.deiereschutzgesetz.lu ,déi d’Leit informéiere wäert wat sech alles mat dem neie Gesetz geännert huet a wéi een Déiere hale muss fir hiert Wuelbefannen ze garantéieren.

Ried vum Minister Fernand Etgen

 


Gusty Graas

Edy Mertens

Fernand Etgen