Sie sind hier

Komm mir briechen d'Hamsterrad – a bleiwe bei de Fakten

News Carole Hartmann

E Faktencheck zu verschiddenen Aussoen an engem RTL-Commentaire

D'RTL-Journalistin Annick Goerens schreift an hirem RTL-Commentaire "Komm mir briechen d'Hamsterrad" iwwer d'Roll vun der Aarbecht an eisem Liewen.

Am Constat si mir eis alleguerten eens: mir wëllen net liewe fir ze schaffen, mä schaffe fir ze liewen. Aarbecht soll sech lounen an eis e gutt Liewen erméiglechen – an dat an all Liewensofschnëtt bis an den 3. Alter eran. Dat ass d'Aufgab vun der Politik. An déi Aufgab huele mir eescht.

Am Constat si mir eis eens, mir sollte fir eng éierlech Diskussioun awer bei de Fakte bleiwen.

D'Annick Goerens schreift an hirem Commentaire, datt en Zëmmer an engem Altersheem op d‘mannst 2.500 Euro kascht, an datt sech dat net all Mënsch leeschte kann.

FAKT ASS: An engem Altersheem kritt een en Zëmmer net ab, mä duerchschnëttlech fir 2.500 Euro. Dat si vill Suen. Mä all eeler Persoun, déi net genuch eege Revenuen huet, kann eng finanziell Hëllef beim nationale Solidaritéitsfong ufroen. Esou ass garantéiert, datt jidderee sech d'Altersheem leeschte kann. Zousätzlech dozou ass e Gesetzprojet um Instanzewee, deen dofir suerge wäert, datt déi affichéiert Präisser an déi offréiert Leeschtunge méi transparent ginn, sou datt een déi eenzel Altersheemer besser ka matenee vergläichen.

Mir sinn eis och eens, datt d'Aarbecht soll esou organiséiert sinn, datt mir nach genuch Zäit hu fir ze liewen. De Commentaire op RTL léisst duerchblécken, wéi wann d'Politik näischt ënnerhuele géif fir d'Work-life Balance ze verbesseren

FAKT ASS: Déi lescht 6 Joer si mam neien, méi flexibelen a finanziell attraktive Congé parental, dem neie Pappecongé, mam Mammecongé no der Gebuert vu generell 12 Wochen, mam méi flexibele Congé fir d'Eltere vu kranke Kanner a mat der Aféierung vun den Zäitspuerkonten eng sëllege Mesuren ëmgesat ginn, déi virun allem den Eltere méi Zäit mat hire Kanner erméiglechen ouni op eng berufflech Carrière verzichten ze mussen.

Dës Mesurë ware just den Ufank: mam Congé parental PLUS, dem Recht op Deelzäit an enger méi flexibeler Aarbechtszäitreegelung wäerten an den nächste Jore weider wichteg Bausteng fir eng besser Work-Life Balance ëmgesat ginn. D'Fërdere vum Télétravail an d'Opriichte vu Co-Working-Strukture sinn zousätzlech Mesuren, duerch déi d‘Leit manner Zäit op de Stroosse verbrénge mussen a méi Zäit hu fir ze liewen.

D'Annick Goerens mengt, datt d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit keng Léisung ass, well domadder dacks just d'Dieren opgemaach ginn, fir dass d'Employéen nach méi laang schaffen.

FAKT ASS: Vill Employéen, zemol Jonker, wënschen sech méi Flexibilitéit. Dat weist e Sondage, deen d'DP-Fraktioun an Optrag ginn huet, an an deem sech 88% vun de Befrote fir méi flexibel Aarbechtszäiten ausgeschwat hunn. E gesetzleche Kader, dee méi Flexibilitéit zouléisst – wa béid Säiten dat wëllen – wier also e Win-Win fir jiddereen, fir den Employeur an den Employé.

Den RTL-Commentaire gëtt dann d'Virbild Skandinavien un, an deem d'Employéë fir 6 Stonnen Aarbecht de volle Lounausgläich kréien.

FAKT ASS: A Schweden ass de 6-Stonnen-Dag nach laang net d'Norm. E Pilotprojet, deen iwwer 2 Joer gelaf ass, ass zum Deel vill kritiséiert ginn, well d'30-Stonnewoch op Dauer net finanzéierbar ass. Verschidde Betriber hunn op fräiwëlleger Basis entscheet, de 6-Stonnen-Dag anzeféieren. Dat ass awer d'Exceptioun an net d'Reegel.

Datt Schweden esou eng gutt Work-Life-Balance opweises huet, hänkt iwwregens och domat zesummen, datt d'Majoritéit vun den Employéë flexibel schaffe kann. D'Zäit ka fräi agedeelt ginn: Deen een Dag schafft ee méi laang, den aneren Dag dofir manner. Oder et sammelt ee Stonne fir sech een Dag fräizehuelen. Verschidden Entreprise leeë mat hiren Aarbechter och individuell Aarbechtspläng fest, z.B. 9 Stonnen den Dag schaffen an dofir freides mëttes éischter heemgoen. Schweden kann also tatsächlech als Virbild déngen...

 


Carole Hartmann