Sie sind hier

Orientéierungsdebatt iwwer déi grouss Infrastrukturprojeten vun der Regierung

News Mobilität und Verkehr Max Hahn

Wéi all Joer, war den Dënschden d‘Orientéierungsdebatt an der Chamber iwwer déi grouss Infrastrukturprojete vun der Regierung. D’Chamber muss jo fir all Projet, deem säi Käschtepunkt iwwert 10 Millioune läit, säin Accord ginn. Vun den insgesamt 33 Projeten, ëm déi et dës Kéier goung, sinn e groussen Deel an d'Kategorie vun der Mobilitéit gefall.

Ëmgéiungsstroossen zu Iechternach, Réiden, Dippech a Capellen; P&Ren zu Fréiseng an um Héienhaff; an de séieren Tram tëscht Esch an der Stad, fir der just e puer erauszepicken: d’Investitiounen an d’Mobilitéit an den ëffentlechen Transport bleiwen an den nächste Jore weider op Rekordniveau.

Donieft huet d’Chamber och gréng Luucht gi fir ënnert anerem en zweete Kontrolltuerm um Findel; d’Renovatioun an de Reamenagement vun de Gebailechkeete vun der Steierverwaltung, den Ausbau vum Escher Lycée mat der Entwécklung vun engem „Future Hub“, deen am Zeeche vun der Informatik an de Wëssenschafte steet; an den Ausbau vum Luxembourg Institute of Health.

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet besonnesch d’Busspur tëscht Gonnereng an dem Waldhaff begréisst, déi flexibel genotzt ka ginn. Sou fiert de Bus op der selwechter Spur moies a Richtung Stad an owes aus der Stad eraus, wouduerch keng extra Spur gebaut muss ginn.

Als DP begréisse mer natierlech sou Usätz, vu dass mer se och an eisem Programm an de leschte Wale gefuerdert hunn. Méi mat deem maachen, wat schonn do ass, dat kascht net nëmme manner, wéi nei Stroossen ze bauen, et geet och vill méi séier, an bei de Verkéiersproblemer, déi mer hei am Land hunn, ass dat natierlech en zentrale Faktor.

Donieft huet de Max Hahn och nach déi héich Investitiounen an den ëffentlechen Transport ervirgehuewen:

Och mat der Gratuitéit wäert net een Euro manner an d’Infrastruktur investéiert ginn. Am Géigendeel bis 2023 wäerten nach eng Kéier 2,2 Milliarden an den Ausbau an an d’Verbesserung vum Schinnennetz fléissen.


Max Hahn