Sie sind hier
Bilan vun der DP-Fraktioun: Manner Quantitéit, ma méi Qualitéit!

Fir d’DP-Fraktioun ass d’Qualitéit vun der parlamentarescher Aarbecht méi wichteg, wéi d’Quantitéit, och wann d’Majoritéit déi lescht 6 Méint schonn eng Hellewull un Texter ëmgesat huet.
Op der Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun huet den Eugène Berger haut besonnesch den Aspekt vun der sozialer Gerechtegkeet ervirgestrach. Dat géing ë.a. fir d’Beräicher vun der Famill, vun der Bildung, ma och fir eng méi gerecht Steier- a Sozialpolitik gëllen. Also fir alles, wat de Mënschen hiert Liewe géing konkret verbesseren.
De Fraktiounspresident huet an deem Sënn besonnesch op déi geplangte Steierreform higewisen. Ee vun de wichtegste kommende Projete fir d’DP. Schliisslech géing d’Individualiséierung hei dofir suergen, datt an Zukunft jiddereen d’nämmlecht besteiert gëtt.
Wat déi rezent Revirementer vun der CSV a punkto Verfassungsreform betrëfft, huet den Eugène Berger vun 10 Joer konstruktiver, gemeinsamer Aarbecht geschwat, déi di Chrëschtlech-Sozial elo op der Ligne d’Arrivée futti gemaach hätten.