Sie sind hier

Tribune Libre vum Loris Meyer um Radio: Géint Uploadfilter am Internet

News Europawahlen Tribune libre Außenpolitik Gesellschaft Medien und ICT Loris Meyer

Léif Nolauschterer,

Ech wëll iech haut iwwer eng vun den ëmstriddensten EU-Direktivë schwätzen, déi d’Kommissioun vu Bréissel déi lescht Jore proposéiert huet.

Et geet em d’Upassung vum Schutz vun den Droits d’auteuren un den digitalen Zäitalter. Den diskutéierten Text wëll den Editeure vu Musek, Texter, Clippen oder soss Kreatiounen, méi Rechter um Internet ginn an och d’Kënschtler an déi Kreativ selwer besser protegéieren. Domadder soll eng méi gerecht Remuneratioun vun de Kënschtler garantéiert ginn.

Besonnesch ëmstridden ass den Artikel 13 vun där Direktiv. Ronn 5 Millioune Bierger hunn eng Online-Petitioun dogéint ënnerschriwwen an et leeft am Moment en europawäiten Appell fir den 23. Mäerz dogéint ze protestéieren.

D’Fro, déi sech hei stellt: wat soll déi ganz Opreegung a wourëms geet et elo praktesch?

Bis ewell kënnen Notzer vun Onlineplattformen, ewéi zum Beispill Facebook, Youtube oder Instagram, ouni Kontroll Fotoen, Musek oder och Texter eroplueden. Elleng den Notzer ass responsabel am Fall vun enger Verletzung vum Droit d’auteur.
D’Plattform, op déi den Inhalt eropgeluede gëtt, muss nëmmen dann agräifen, wa se op eng Verletzung vum Urheberrecht opmierksam gemaach gëtt. Dëst féiert am Moment dozou, datt et zu ville Verstéiss kënnt an datt déi Verstéiss nëmme seele bestrooft ginn. D’Verléierer dobäi sinn d’Kënschtler, déi net gerecht fir hier Aarbecht bezuelt ginn.

An dat soll d’Direktiv elo änneren.

An der Propose, déi am Moment um Dësch läit, an déi vu villen Observateuren als flou bezeechent gëtt, sollen an Zukunft d’Plattforme responsabel gemaach ginn, fir den Inhalt, dee vun de User eropgeluede gëtt a fir déi si keng Rechter hunn. Fir dat z’evitéieren, wäerten d’Plattforme forcéiert ginn, Filteren anzesetzen – déi ominéis Upload-Filteren.

An dat ass den Hocken, dee fir vill Opreegung suergt.

Déi Filtere kënnen dacks net richteg tëschent illegaler an enger legaler Notzung ënnerscheeden. Z.B. tëschent engem Lidd, dat geklaut ass oder Musek, déi just am Hannergrond leeft. Dat ass just ee Beispill vu villen, wou de Filter net richteg trenne kann. Et besteet also déi akut Gefor, datt et duerch déi onpräzis Technik kéint zu Overblockinge kommen – also datt d’Plattforme virsiichtshallwer och legale Contenu blockéieren, fir sécher ze goen.

Des Weideren ass d’Algorithmus-Technik hannert den Uploadfilteren deier, esou datt nëmme grouss Plattformen ewéi Google sech kënnen erlaben, fir déi Technik z’entwéckelen. Déi méi kleng Plattformen, dacks aus Europa, wäerten net nëmmen d’Lizenze kafe mussen, ma och nach d’Uploadfilter-Technik an dat vun hire grousse Konkurrenten aus Amerika. Eng grouss Gefor fir méi kleng Acteuren, déi d’Dominanz vun amerikanesche Plattforme verstäerke kéint.

An dofir seet d’DP, datt déi EU-Direktiv, d’Meenungsfräiheet kloer aschränke wäert. An domadder e groussen Deel vun der Internetkultur zerstéiert.

D'DP setzt sech derfir an, datt d'Besëtzer vun engem Copyright einfach fir hir Aarbecht bezuelt kënne ginn, wa grouss Plattformen op hier Wierker zeréckgräifen. Eng kohärent Protektioun vun den Droits d'auteuren am Internet däerf net doranner bestoen, datt eis aktuell Internetkultur zenséiert gëtt. Et gëllt also ee Gläichgewiicht ze fannen, tëschent dem legitimme Schutz vun den Droits d’auteuren op där enger Säit an der fräier Beweegung am Netz op där anerer.

Léif Nolauschterer, ech soen Iech Merci.

 


Loris Meyer

AnhangGröße
Audio Icon 20190318_lmeyer_tribune_libre.mp36.07 MB