Sie sind hier

Débat d'orientation iwwert de Findel

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Haut de Mëtten huet den DP-Deputéierte Gusty Graas zu eisem internationale Fluchhafen um Findel geschwat. Hien ass dobäi besonnesch op seng Potenzialer agaangen, déi et nach auszebaue gëlt.

E wirtschaftleche Fluchhafen 

Nodeems hien drop higewisen huet, dass ganzer 15.000 Aarbechtsplazen direkt vum Findel ofhänken, ass de Gusty Graas op seng Wirtschaftlechkeet ze schwätze komm. Déi positiv Entwécklung a Saache Passagéier- a Cargotransport esou wéi d'Gebai vum Findel selwer, sinn och eng Visittekaart vun eisem Land. An deem Sënn spillt de Fluchhafen eng ganz wichteg Roll an der Attraktivitéit vun eisem Land, sief dat elo fir Geschäftsleit, déi op eis Finanzplaz kommen oder soss wirtschaftlech Kontakter knäppen, oder fir Touristen. An dësem Zesummenhang sinn e gudde Parking a ganz vill nei Ubannungen och ze nennen.

Weider Potenzialer notzen

Et sollt een awer och net déi sëllech Efforten vergiessen, déi a Saache Sécherheet am Moment gemaach ginn, dat esou wéi déi nei Geschäftswelt, déi een elo um Findel besiche kann. De Masterplang ass de richtege Wee fir weider Potenzialer vun eisem modernen an efficace Fluchhafen nach weider ausbauen. Dofir ass awer och en neie Belag vun der 4 Kilometer laanger Start- a Landepiste néideg, en Invest dee gemaach gi muss fir de Findel fit fir d'Zukunft ze maachen. Eng Landepiste mat 30 Joer um Bockel ass eben net méi mat deenen aktuellen Ufuerderunge kompatibel.

D'Nuetsflich net ausweiden

Och ass de Gusty Graas op d'Nuetsflich agaangen, eng zu Recht sensibel Thematik. Hei huet hien sech fir de Status Quo ausgeschwat, et sollt een Nuetsflich virun allem net weider ausweiden. Ofschléissend huet hien awer och nach op déi 1000 Leit higewisen, déi hirem Hobby vun der Sportsfligerei um Findel nokommen, an déi elo Alternative siche mussen. Hei huet hien den Infrastrukturminister no den aktuellsten Informatioune gefrot.

 

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas