Sie sind hier

Méi flexibel Aarbechtszäiten an der Fonction Publique

News Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Den DP-Deputéierte Gusty Graas sot dozou op der Chamberstribüne:

 

D’Privatliewe besser mat der Aarbechtszäit ënnert een Hutt ze kréien, ass fir d’Demokratesch Partei eng absolut Prioritéit!

 

Aféierung vun engem Compte Épargne-Temps 

Duerch d’Aféierung vun engem Zäitspuerkonto kann an Zukunft all Beamten oder Employé beim Staat Stonne sammele bis zu engem Maximum vun 1.800 Stéck. Esou kann sech de Staatsbeamte fir eng länger Periode fräi huelen, z.B. fir sech ëm seng Kanner oder e kranke Familljemember ze bekëmmeren, oder och fir sengen Hobbyen méi intensiv nozegoen. De Beamten huet och d’Méiglechkeet duerch d’Accumuléiere vun esou Stonnen 1 Joer éischter an d’Pensioun ze goen. Et ass och geplangt, fir esou en Zäitspuerkonto am Privatsecteur anzeféieren. Dat néidegt Gesetz ass schonn deposéiert ginn. 

 

Erhéijung vum Pappecongé 

Dëst Gesetz erhéicht och de Pappecongé op elo10 Deeg. Esou ginn d’Staatsbeamte gläichgesat mat de Salariéen aus dem Privatsecteur.

Fir d’DP ass et wichteg, datt e Papp kann no der Gebuert fir d’Mamm an d’Kand  do sinn

esou de Gusty Graas. Fir d’DP wier et och nëmme richteg a gerecht, datt déi selwecht Konditioune fir Pappen aus der Fonction publique a fir Pappen aus dem Privatsecteur gëllen. 

 

Méi flexibel Aarbechtszäiten 

D’DP fuerdert zënter Joren eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten. Ech si frou, datt dës Regierung dat elo endlech an der Fonction Publique ëmgesat huet

esou de Gusty Graas. Fir datt d’Beamten hiert Privatliewe besser mat der Aarbecht verbanne kënnen, goufen och d’Aarbechtszäite flexibiliséiert. Esou dierf de Beamten an Zukunft schonn um 6h30 Moies ufänke mat schaffen a kann esou Mëttes éischter heem goen. Dat alles si Mesuren, déi och als Konsequenz hunn, dat net jiddereen zesumme Moies um 8h am Stau steet. Aus deem selwechte Gronn gouf déi obligatoresch Mëttespaus vun enger Stonn op 30 Minutte reduzéiert. Dat erlaabt et deene Leit, déi net wëllen eng laang Mëttespaus maachen, owes éischter bei hirer Famill ze sinn. 


Gusty Graas