Sie sind hier
Solidaresch Aktiounen zu Lëtzebuerg an Tipps fir sech d'Zäit ze verdreiwen
![](https://archive.dp.lu/sites/default/files/styles/articlebreakpoints_theme_bootstrap_screen-xs-max_1x/public/field/image/20200410_stay_home_2.jpg?itok=OmilFG1M×tamp=1586527859)
Den Ament verbrénge mir vill Zäit doheem, fir d’Verbreedung vum Corona-Virus esou gutt ewéi méiglech ze bremsen. Dofir hu vill Veräiner, Betriber an och Eenzeler flott Aktioune gestart, déi eis d’Liewe méi einfach solle maachen.
Hei ass e kléngen Iwwerbléck vu solidareschen Aktiounen zu Lëtzebuerg (a vun Iddien, fir d'Zäit ëmzekréien):
- Draw me a tree: De Mudam rifft Kanner (an Elteren) dozou op, fir vun doheem aus bei engem Konschtprojet matzemaachen: mudam.com/draw-me-a-tree
- Live aus der Stuff: Well déi national Kënschtler den Ament och doheem festsëtzen, brénge si Kultur aus hirer Stuff bis eis heem. Owes um 8 Auer live op Facebook: facebook.com/liveausderstuff/
- Loscht op eng digital Muséesvisitt? Dat bidden de Luxembourg City Museum (citymuseum.lu) an den Naturmusée (sketchfab.com/mnhnl). D'Buerg Buerschent bitt och en Audioguidage: izi.travel/de/c07a-buerg-buurschent/lb
- Eng nei Plattform rassembléiert Privatinitiativen, fir Matmënschen ze hëllefen: ican.lu
- Educatiounsministère: Einfach Geste fir méi Wuelbefannen op bit.ly/SchoulDoheem2020
- D'Scoute vu FNEL & LGS hëllefe vulnerabele Leit. Et gëtt och eng ganz Rei aner Initiativen, bei deene sech d'Leit eng Hand upaken: bit.ly/SolidareschAktiounen
An hei nach e puer Virschléi fir den Zäitverdreif doheem:
- Déi lëtzebuergesch Krimi-Serie „Capitani“ ass erëm online: bit.ly/CapitaniKucken
- Hei ass den Iwwerbléck iwwer lëtzebuergesch Podcasten: bit.ly/LuxPodcasts
- Oder natierlech d'„Kaffispaus“ vun der DP bit.ly/Kaffispaus
- Zäit notzen, fir am Gaart ze schaffen: bit.ly/Gaart
Dir hutt nach Froen oder wëllt op eng besonnesch Aktioun opmierksam maachen? Schreift eis: m.me/demokrateschpartei
➡️Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html