Sie sind hier

Ambitiéis Ziler déi konkret mussen ëmgesat ginn

News Außenpolitik Gusty Graas

Déi international Communautéit huet sech mam Agenda 2030 ambitiéis Ziler an der Entwécklungspolitik ginn. Fir datt dës Realitéit ginn, mussen nach vill Efforte gemaach ginn. An der alljährlecher Cooperatiounsdebatt ass den Deputéierte Gusty Graas niewent dem lëtzebuergeschen Engagement och op déi grouss international Erausfuerderungen agaangen.

Le bonheur est la seule chose qu’on soit certain d’avoir lorsqu’on l’a donné.“ Mat dësem Zitat vum Raoul Follereau huet de Süd-Deputéierte Gusty Graas seng Ried an der Chamber ugefaangen. Iwwert déi lëtzebuergesch Cooperatiounspolitik ze diskutéiere géif et eis erlaben, sech Gedanken iwwert eis eege Problemer ze maachen an eist Gléck villäicht besser ze schätzen. Wa mer wëssen, datt et esou vill Leit op der Welt ginn déi un Ënnerernährung leiden, datt Kanner net an d’Schoul ginn oder Frae keng Rechter hunn, solle mir derzou animéiert ginn, deenen ze hëllefen, déi näischt oder manner hunn ewéi mir.

D’Relatioun tëschent Cooperatioun a Klimaschutz ass net méi aus der Welt ze rieden. „Zumools an eise Länner mussen Efforte gemaach gi fir d’CO2-Emissioun erofzeschrauwen. D’Entwécklungslänner sinn awer déi éischt déi d’Konsequenze vun der Äerderwärmung spieren“, esou de Gusty Graas.

2015 war d’Année européeenne pour le développement, während där verstäerkt fir de Sujet sensibiliséiert gouf. Dës Efforten musse virugoen an an dem Kontext huet Gusty Graas deene ville lëtzebuergeschen ONGen an den 91.000 Leit, déi sech fir déi Cause engagéieren, Merci gesot. Och d’Aarbecht vum Cercle de Coopératioun huet hien ervirgehuewen, ënner anerem de sachlechen Tëschebilan, deen de Cercle iwwert d’Regierungsaarbecht geschriwwen huet.

En Aspekt vun der Entwécklungspolitik, deen an deem Rapport méi kritesch betruecht gouf, ass dee vun der humanitärer Aarbecht vu privater Säit. D’Demokratesch Partei ass sech bewosst, datt de politeschen Afloss vun enger Entreprise bestoe kann, an dofir strikt Kritären a kloer Grenze gesat musse ginn. Prinzipiell awer, huet de Gusty Graas gemengt, datt privat Initiativen eng ganz Rei Problemer kéinten upaken. E Beispill vun engem private-public partnership ass daat digital Noutfallhandbuch vun der SES wat vun der internationaler Organisatioun fir d’Migratioun ausgesicht ginn ass.

D’Entwécklungspolitik muss esou cibléiert sinn, datt d’Leit sech kënnen eng eegen Existenz opbauen. De Mikrofinanzement ënnerstëtzt dobäi Eegeversuergung an den Handel. Mir kënnen eisen Deel dozou bäidroen an deem mir Produkter déi et hei net ginn, aus dem fairen Handel kafen.

Zu den Zillänner vun eiser Coopératiounshëllef gehéiert säit dësem Joer och de Myanmar. Säit de Myanmar 2011 politesch Reforme ugefaangen huet, ënnerstëtzt Lëtzebuerg bilateral Projeten am Domaine vun der Entwécklung vun de Ressources humaines a bei der administrativer Capacitéit am Tourismus an an der Hotellerie.

E wichtegt Thema war dëst Joer och de Lien tëschent Migratioun a Cooperatioun. Säit der Flüchtlingswell déi iwwert d’Balkanroute oder iwwert d’Mëttelmier an Europa ukënnt, si mir mat ganz neien Erausfuerderunge konfrontéiert. Mir vergiessen awer ganz séier, datt et net Europa, mee Afrika ass, wat am meeschte mat der Flüchtlingsproblematik konfrontéiert ass. Ee vun den äermste Länner an der Welt, den Tchad, huet 2015 iwwert 30.000 Flüchtlingen opgeholl. „Datt esou een aarmt Land Flüchtlingen ophëlt misst fir eis eng Lektioun vu Solidaritéit sinn“, huet de Gusty Graas ofschléissend betount.

 

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas