Sie sind hier

De Stellewäert vum Benevolat fir eis Gesellschaft

News Tribune libre Sport und Freizeit Claude Lamberty

Stellt iech vir dir bréngt äert Kand op dee gewinnte Sportstraining an et ass kee méi well de Veräin seng Dieren huet missen zoumaache well kee sech méi em d’Verwalte vum Club bekëmmert ...

Stellt iech vir äert Haus brennt mee et ka leider kee sou schnell komme well keng fräiwëlleg Leit an der Géigend disponibel sinn...

Stellt iech vir dir wéilt är Kanner an e Scoutsgrupp brénge mee et wären aus Manktem u Cheffe keng Aktivitéite méi....

Sport, Pompjeeën, Rettungswiesen, Kultur, Kanner- a Jugendaktivitéiten, Scouten, a villes méi.

OUNI engagéiert Leit di sech fräiwëlleg an hirer Fräizäit hiergi fir eis Gesellschaft géif de gesamte System – sou wei mir gewinnt sinn ze funktionéieren – zesummebriechen.

Ech kéint meng Riednerzäit wahrscheinlech mam Opziele vu Beräicher, déi ouni Fräiwëlleger net oder nëmme ganz schwiereg géife funktionéieren, ausfëllen.

Dat wëll ech awer net, mee ech wëll iech e puer méi konkret Gedanken zum Benevolat, zu sengem Stellewäert an eiser Gesellschaft matdeelen. Wéi wichteg et ass, an zwar méi wéi je, sech fir an AN eiser Gesellschaft fir eng Saach z’engagéieren.

Ech erliewen et säit Joeren hautno als President vun enger grousser Sportfederatioun, wei ofhängeg de gesamte Funktionnement vum Sport vum Engagement vu Leit am Benevolat ass. D’Encadrement vun de Kanner an de Jugendlechen an de Veräiner, di sportlech a sozial Entwécklung vum Club, d’Organisatioun vun alle méiglechen Aktivitéiten, all dat kann nëmme gelénge wann ee Leit huet di sech wëllen hiergi fir hire Veräin.

D’Zuel vun deene Leit, déi sech fräiwëlleg engagéieren huet an deene leschte Joren allerdéngs ofgeholl, dramatesch ofgeholl.

Esou, dass mir haut un engem Punkt ukomm sinn, wou verschidde Veräiner a souguer Federatiounen hire Comitéen a Conseilen net méi a voller Zuel kënne besetzen oder awer nëmmen nach ënner grousse Schwieregkeeten hier Aktivitéite kënnen um Lafen halen.

Dës Entwécklung däerf eis net egal sinn. Och wann ech elo konkret vum Sport geschwat hunn, esou gesäit et an anere Beräicher net vill aneschters, net vill besser aus.

Wat kann e maachen, fir eppes un dëser Situatioun ze änneren? Wéi kënne mer de Stellewäert vum fräiwëllegen Engagement verbesseren?

Mir hunn zu Lëtzebuerg eng Rei vu Mesuren: Beispillsweis di spezial Congéen. Et ass, menger Meenung no awer un der Zäit, iwwer dës Mesuren nozedenken. Sinn et nach déi richteg? Erfëllen se den Zweck am Joer 2016 ? Gi se wäit genuch ? Wéi kënne mer nees konkret méi Léit motivéieren, fir sech an hirer Fräizäit fir eng gutt Saach, fir d’Gesellschaft z’engagéieren?

D’Stäerkung vum Benevolat ass keng parteipolitesch Aufgab, mee eng Erausfuerderung, déi mir zesumme musse meeschteren. An dat extrem schnell.

Mir sollte kucken, wéi de Staat de Prozess ka förderen, wou ee vläit muss professionaliséiere fir kënnen als Gesellschaft insgesamt an der Breet dovun ze profitéieren. Ech denken do u Leit, déi sech professionell méi mat Reforméiere vu Strukture kënne beschäftegen, wéi dat haut a ville Gremien aus Manktem u Moyen’en de Fall ass.

Ech wär frou, wann et eis gemeinsam als Gesellschaft a Politik géif geléngen, d’Benevolat ze stäerken. Mir stelle gären eis sportlech, kulturell oder soss Erfolleger an d’Vitrine. Vergiessen dobäi leider awer ze oft, déi Leit am Hannergrond, déi sech hierginn an hirem Domän, fir anerer ze schaffen. Dat musse mer änneren, soss riskéiere mer als Gesellschaft scho kuerzfristeg e richteg grousse Problem ze kréien.