Sie sind hier
WhatsApp DP-Helpdesk
01/01/2019
News
D'DP huet eng Whatsapp-Nummer.
Iwwert dës Nummer kanns du deng Froen a Commentairen einfach an onkomplizéiert un d'Demokratesch Partei schécken.
Wat muss ech maachen?
- Schreif eis eng Noriicht mat dengem Numm a Virnumm op d’Nummer 621 37 2018.
- Späicher eis Nummer an denge Kontakter.
- Am Fong bass du elo scho fäerdeg, mee fir ze wëssen, ob alles geklappt huet, schécke mir dir eng Confirmatioun.
Wat geschitt elo?
Wann s du eng Fro oder Iddi hues, da schéck eis eng WhatsApp!
Doriwwer eraus wäerte mir dir ëmmer erëm wichteg Informatioune schécken.
A wann ech mech anescht decidéieren?
Da läschs de einfach de Kontakt aus dengem Adressebuch - dat war et schonn!
Mir freeën eis vun dir ze héieren!
P.S. Verziel och denge Frënn a Bekannte vun eiser neier WhatsApp-Nummer!