Sie sind hier

Schluss mat den anonyme SIM-Kaarten

News Medien und ICT Eugène Berger

No de Paräiser Attentater  am November 2015 gouf e Gesetzprojet vun der Regierung an d'Weeër geleet, fir all anonym SIM-Kaart hei am Land ze desaktivéieren. Dëst waren der ëmmerhin 200.000 Stéck. De Rapporteur Eugène Berger huet de Projet an der Chamber virgestallt.

An Zukunft mussen déi lëtzebuergesch Operateure verschidde perséinlech Donnéeë vun hire Clientë froen, éier si hinne kënnen eng Prépaid-Kaarte verkafen. Mam Gesetz gouf elo déi gesetzlech Basis dofir geschaaft. Dëst soll virun allem bei der Lutte géint den Terrorismus hëllefen an d’Enquêten an déi Richtung erliichteren.

De Gesetzprojet gouf an der Chamber unanime ugeholl.

 


Eugène Berger