Sie sind hier

Nei Perspektive fir de ländleche Raum

News Tribune libre Landesplanung und Wohnen Wirtschaft André Bauler

Et ka gutt sinn, datt der schonn dovunner héieren hutt, datt am Éislék ganz exklusiv Brëller produzéiert ginn, déi bis op Hollywood an op Dubai verkaaft ginn.

Ma wousst der och, datt e Betrib an der Gemeng Esch-Sauer all Joer dausende Gielercher fir Nationalfeierdag fabrizéiert ? Oder datt sech deemnächst e jonke Mann am Norde vum Land néierléisst, dee Geie baut?

Dat sinn dräi Beispiller dofir, datt de ländleche Raum zu Lëtzebuerg wirtschaftlech Perspektive bitt. Mir mussen endlech fort vun deem Cliché, datt baussent de Ballungsgebidder just Plaz wier fir Naturschutzgebidder a Fräizäit.

Wa mer wëllen, datt d’Leit aus dem ländleche Raum och an hirer Regioun kënne schaffen, muss d’Dezentraliséierung viru gedriwwen an nei Infrastrukture geschaf ginn.

Et geet elo awer net drëms fir blannemännerches op Wuesstem ze bauen. Nee, och a grad um Land ass eng qualitativ Entwécklung gefrot.

Ugefaange mat de néidege Schoulinfrastrukturen. Esou wéi zu Klierf, wou deemnächst net nëmmen en traditionelle Lycée hikënnt, ma och eng Europaschoul an e sou genannte Maker-Space, dee kreativ Leit mat Schüler zesummebréngt. Vun 2018 un sinn dat 100 Aarbechtsplazen eleng am schoulesche Beräich.

Sou eng Schoul ass nämlech e wichtege Facteur, wann eng nei Entreprise decidéiert, wou se sech néierloossen an investéiere wëll.

An de leschte Joren goufen et vill regional a privat Initiativen, zemol vun Handwierksbetriber, fir nei Aarbechtsplazen iwwer Land ze schafen. Ma och de Staat dréit do säin Deel Verantwortung. Ech denken u Plazen, wou sech Firmen aus dem digitale Beräich néierloosse kënnen. Dat si kleng Betriber, déi net vill Raum brauchen, Stéchwuert Kreativwirtschaft : am Projet 1535 zu Déifferdeng sinn iwwer 400 Demandë wéinst Plazmangel refuséiert ginn. Ma firwat esou Infrastrukturen net soss uechtert d’Land ubidden ?

A propos Verantwortung vum Staat : de sougenannte séieren Internet muss flächendeckend disponibel sinn, soss ass all Diskussioun iwwer d’Fërderung vum ländleche Raum ëmsoss. Nieft de Privatleit sinn et zemol déi kleng- a mëttelstänneg Betriber, déi dovunner ofhängeg sinn. Et däerf net zu enger "digitaler Spaltung" kommen. D’Landgemengen dierfen den Uschloss un déi technologesch Zukunft also net verpassen.

Mir brauchen dofir e Gesamtkonzept fir de ländleche Raum. Dem Staats- a Medieminister Xavier Bettel seng Strategie am Beräich "Digital Lëtzebuerg" zeechent d’Richtung vir. Zesumme mat de Gemengen an de Bierger heescht et sech elo op de Wee ze maachen an de ländleche Regiounen nei Zukunftsperspektiven ze bidden.

André Bauler, Deputéierte vun der DP

 


André Bauler

AnhangGröße
Audio Icon 20171023_abauler_tribune_libre.mp35.35 MB