Sie sind hier

Stroftaxe si géint d’Logik vun der fräier Maartwirtschaft

News Außenpolitik André Bauler

Importsteieren als Drockmëttel

Den DP-Deputéierten André Bauler huet erkläert, datt dat méi oder manner selektiivt Erhéije vun den Importsteieren duerch den amerikanesche President Trump net nëmmen als Zil hätt seng eegen Ekonomie ze schützen. Den amerikanesche President benotzt d’Schreckgespenst vum ugekënnegten Handelskrich och als Drockmëttel fir politesch Ziler z’erreechen.

Stroftaxen net gutt fir Lëtzebuerg

Datt den amerikanesche President ausgerechent d’Taxen op Stol an Aluminium wëll erhéijen, trëfft Lëtzebuerg als Sëtz vum weltgréisste Stolproduzent natierlech ganz besonnesch. 10% vun eiser Stolproduktioun ginn an d’USA exportéiert. „A wann ee weess, wéi haart ëmkämpft dee Marché ass, da wieren nei Stroftaxen net gutt fir eis Industrie an och net fir eist Land“, esou den André Bauler.

Onberechenbar Zukunft

Et ass onkloer wéi et lo am Handelskrich weidergeet. „Ech ka mir gutt virstellen, dass den Här Trump d’EU och nom 1. Mee vu méi héijen Taxe verschoune wäert, mä zu wat fir engem Präis ? Genau wéi bei China wäert den amerikanesche President och hei d’Taxe benotze fir an aneren Dossieren d’Drock op d’Europäesch Unioun ze maachen“, esou den Deputierten.

Wat fir d’DP wichteg ass

Fir d’Demokratesch Partei ass et wichteg, datt den Debat méi roueg a sachlech gefouert gëtt. Dobäi däerfen déi betraffe Wirtschaftsbléck op kee Fall d’internationaalt Recht mat Féiss trëppelen. „Stroftaxe si géint d’Logik vun der Maartwirtschaft an dofir sprécht sech d’DP ganz kloer fir eng Léisung um ronnen Dësch a géint iergendwellech Aféierunge vun neie Stroftaxen aus“, esou den André Bauler ofschléissend.

 


André Bauler