Sie sind hier

"Steierreform konkret"

News Finanzen Pierre Gramegna

(© Foto: SIP)

Vum 12. bis den 26. September luet de Finanzministère op eng Rëtsch Informatiounsversammlungen uechter d'Land an.

D'Thema ass ëmmer déi geplangte Steierreform, déi den 1. Januar 2017 a Kraaft triede soll. Während de Versammlunge stinn de Finanzminister Pierre Gramegna esou wéi d'Beamte vun der Steierverwaltung de Léit Ried an Äntwert. Am direkten Dialog mat den Experten kennen d'Bierger sech soumat iwwert d'Auswierkunge vun der Steierreform informéieren.

Déi éischt Versammlung ass den Méinden 12.September um 12h00 an der Stad. Déi genee Datumer an d'Adressen fannt Dir hei [méi...].

 


Pierre Gramegna