Sie sind hier

Pappecongé: Däitlech méi Zäit fir d’Famill

News Familie Claude Lamberty Corinne Cahen

Fir d’DP huet eng besser Vereenbarkeet vu Beruff a Famill absolut Prioritéit. Dofir huet d’Regierung – no enger Initiative vun der DP-Familljeministesch Corinne Cahen – e Gesetz virgeluecht, dat direkt derfir suerge wäert, datt d’Eltere virun allem no enger Gebuert méi Zäit mat hirem Puppelche verbrénge kënnen. Dëst Gesetz trëtt den 1. Januar 2018 a Kraaft.

De Pappecongébei der Gebuert vum Kand geet deemno vun 2 op 10 Deeg an d’Luucht. Déi jonk Pappe wëllen a sollen nämlech méi Zäit hu fir hire Puppelche kennenzeléieren. Déi zousätzlech 8 Deeg Congékritt de Patron vum Staat rembourséiert. De Claude Lamberty huet an der Chamber gefuerdert, dass och d’Staatsbeamten a Selbststänneger vun dësem Congéprofitéiere kënnen: „E Papp ass e Papp, egal wou oder fir wien ee schafft. Jidderee soll d’Chance hunn fir direkt no der Gebuert Zäit mat senge Kanner ze verbréngen“.

An och d’Mamme kréien an Zukunft méi Zäit, déi si direkt no der Gebuert  mat hirem Kand kënnen zesumme sinn. De Congéde maternité gëtt nämlech fir all Fra op 12 Wochen erhéicht, onofhängeg dovun ob si de Bëbee stëllt.

Wann d’Kanner krank sinn, da brauchen d’Elteren eng gewësse Flexibilitéit fir sech z’organiséieren. De Congé „pour raisons familiales“ gëtt dofir méi flexibel, fir datt d’Mamm an de Papp och kënnen do sinn, wann dat krankt Kand si brauch. Bis elo war et esou, datt een 2 Deeg Congé „pour raisons familiales“ ze gutt hat. Wann een déi net gebraucht huet, si se verfall. Gläichzäiteg sinn déi 2 Deeg oft net duergaangen, well kleng Kanner méi dacks krank ginn. Dofir gesäit dat neit Gesetz Alterstranchëvir, an deenen d’Eltere vun enger bestëmmten Zuel Congésdeeg profitéiere kënnen, wann hir Kanner krank sinn.

  • bei Kanner tëschent 0 a 3 Joer: 12 Congésdeeg
  • bei Kanner tëschent 4 an 12 Joer: 18 Congésdeeg
  • bei Kanner tëschent 13 an 18 Joer: 5 Congésdeeg

 

Ried vum Claude Lamberty

 

Ried vun der Familljeministesch Corinne Cahen

 


Claude Lamberty

Corinne Cahen