Sie sind hier

Erklärungen zum UN-Migratiounspakt

News Außenpolitik André Bauler

De Pakt vun de Vereenten Natiounen fir eng sécher, geuerdent a regulär Migratioun, deen den 10. Dezember zu Marrakesch ugeholl ginn ass, huet am Virfeld fir vill Diskussioune gesuergt.

Besonnesch Politiker, deenen hiert Geschäft aus Angscht maachen an Ausgrenzung besteet, hu mat falschen Argumenter an iwwerdriwwenen Aussoen d’Leit wëlle veronsécheren a géint den Text mobilmaachen.

Den Deputéierten André Bauler, dee fir d’DP am Chamberhearing geschwat huet, erkläert, firwat dee Pakt wichteg ass:

„D’Migratioun wäert eng vun den zentralen Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert ginn. Dass Mënschen hiert Doheem verloossen, op der Sich no Sécherheet an no enger besserer Zukunft, ass verständlech an och eng batter Realitéit. De Klimawandel wäert doriwwer eraus an den nächste Joerzéngten dozou bäidroen, datt déi weltwäit Migratiounsstréim sech nach weider verstäerken. Mir kënnen eis An net do virdrun zoumaachen. Fir eis ass et evident, dass mer nëmmen als Weltgemeinschaft eng Äntwert op dës Fro kënne ginn.“

Wat steet am Pakt?

„D’Haaptuleies vum Migratiounspakt ass et fir Mënscheliewe ze retten, Respekt virun der Dignitéit vun de Migranten ze garantéieren, Fluchtursaache ze bekämpfen, an eng besser Kooperatioun vun der internationaler Gemeinschaft. Anescht ausgedréckt: Déi illegal Migratioun soll reduzéiert, grad wéi de Mënschenhandel, an de Passeuren hiert Geschäft mat der Noutsituatioun vun de Migranten, bekämpft ginn.

Dofir soll déi legal a regulär Migratioun weider ausgebaut, den Ëmgang mat der Migratioun soll weltwäit vereenheetlecht, an et sollen do Standarden etabléiert ginn, wou d’Migratioun bis lo net gereegelt ass, an d’Mënschen, déi hir Heemecht verloossen, guer keng Rechter hunn. Ma et soll och dru geschafft ginn, dass d’Leit hiert Land guer net verloosse mussen.“

Wat bedeit den Text konkret fir Lëtzebuerg?

„Fir Lëtzebuerg ännert sech wéineg bis guer näischt. Mam Migratiounspakt verflichten sech d‘Länner zu enger Rei Prinzipien, déi et an der EU scho laang gëtt. Donieft gëtt déi national Souveränitéit a kenger Form ënnergruewen. Et ass wichteg, z‘ënnersträichen, dass den Text virun allem eng Absichtserklärung an en Engagement ass, a kee rechtlech verbindleche Vertrag. Dacks héiert een och vun engem Ugrëff op d’Meenungsfräiheet. Dëst entsprécht a kenger Hisiicht der Realitéit. Den Objektiv 17 vum Pakt rifft villméi zu enger factueller an objektiver Berichterstattung an zu enger Diskussioun iwwert d‘Migratioun op, déi Viruerteeler, Intoleranz a falsch Informatioune bekämpfen, an domat e sachlechen Discours iwwert d’Migratioun erméigleche sollen.“


André Bauler