Sie sind hier

Méi Dezentraliséierung fir méi eng equilibréiert Entwécklung

News Tribune libre Wirtschaft André Bauler

Léif Nolauschterer,

E Blanne géif se taaschten… d’Auswierkunge vun der ablécklecher demographescher Entwécklung a vum wirtschaftleche Wuesstem op eist deeglecht Liewen. Et ass eng Medail mat zwou Säiten. Engersäits kënne mir eise Sozial- a Rentesystem net ouni Croissance an ouni zousätzlech Salariéen an der Riicht halen, anerersäits ass dat Ganzt eng Belaaschtung fir d’Natur, de Logement oder d’Mobilitéit zu Lëtzebuerg, fir nëmmen déi ze nennen.

Dofir musse mir eis Gedanken iwwer eng méi nohalteg Ekonomie maachen, ma och an zemol iwwer d’Organisatioun vun der Aarbecht. Dozou gehéiert eng gescheit Dezentraliséierung. Op privatem an op ëffentlechem Niveau

Musse Betriber a Verwaltungen z.B. weider an a ronderëm d’Stad oder an de grousse Ballungsgebidder sinn, wann dat net onbedéngt noutwenneg ass?

All Dag dat nämmlecht Bild: dausenden an dausende Leit rullen an den Zentrum vum Land: eleng 250.000 eidel Autossëtzer an de Raum vun der Stad Lëtzebuerg.

Wier et net vill méi sënnvoll an nohalteg, esouvill Aarbecht wéi méiglech a soss Géigende vum Land z’installéieren, wou d’Leit scho souwisou wunnen?

Ech weess, et huet sech déi lescht Jore scho munches a Punkto Dezentraliséierung gedunn. Besonnesch bei der ëffentlecher Hand: Et si Lycéeën/Schoulen uechter d’Land bäikomm. Zu Déifferdeng, zu Miersch, zu Réiden, zu Clierf, zu Lënster, zu Mamer. De Sëtz vun der Naturverwaltung ass op Dikrech komm, en Deel vum Etat-Major op den Härebierg. Net ze vergiessen d’UNI Lëtzebuerg op Belval. Ma et bleift nach vill Sputt no uewen. Besonnesch, wann ee weess, datt de Staat en Heedegeld u Loyer bezilt. Antëscht ginn och éischt Privatbetriber a Richtung Dezentraliséierung. All dat bedeit manner Käschten, manner Transport, manner Zäitverloscht a Loftverpäschtung an eng Opwäertung vum ländleche Raum.

Am Regierungsprogramm steet, datt d’Verwaltunge sollen aktiv dezentraliséiert ginn. Dat géing heeschen, datt d’Beamten aus där Géigend ënner bessere Konditioune schaffe kéinten a soss Acteure géingen nozéien. Denke mer och un d’Zukunftskeess, déi zu Klierf an Iechternach Büroen opgemaach huet. D’UNI Lëtzebuerg spillt scho méi laang d’Lokomotiv op Belval. Och d’Nationalarchiv ass am Süde vum Land geplangt.

Déi administrativ Dezentraliséierung ass eng Noutwendegkeet, och am Kontext vum Norden a méi spezifesch vun der Nordstad. Kommt mir kucken dofir eist Land als ee Ganzt, wéi eng Stad. Am Interêt vun enger méi equilibréierter Entwécklung an am Interessi vun de schaffende Leit.

 


André Bauler

AnhangGröße
Audio Icon 20200113_abauler_tribune_libre.mp35.51 MB