Sie sind hier

Klimaplang: Tëscht Paräisser Ziler a Pragmatismus

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

Eng gerecht a pragmatesch Klimapolitik

De Klimawandel wier ouni Zweiwel déi aktuell gréissten Erausfuerderung fir d’Mënschheet an et misst een deementspriechend decidéiert handelen. Dat sot den DP-Deputéierte Max Hahn en Donneschdeg um Krautmaart.

Mam Klimaplang huet d’Regierung déi grouss Linne virginn, wéi Lëtzebuerg seng Ziler am Klimaschutz bis 2030 erreeche wëll. Och wa Lëtzebuerg nëmmen e klengen Deel zu de weltwäiten Emissioune bäidréit, ass et awer déi moralesch Flicht vun engem vun de räichste Länner op der Welt, seng Verantwortung z’iwwerhuelen a mam gudde Beispill virzegoen.

De Max Hahn huet ënnerstrach, dass et virun allem wichteg ass, fir Klimaschutz mat de Leit ze maachen an net géint si. D’Akzeptanz vun der Bevëlkerung wier e wichtege Punkt fir eng Klimapolitik, déi och gräift. Dozou gehéiert zemol, de Leit fir d’éischt emol d’Méiglechkeet ze ginn, fir sech méi klimafrëndlech ze verhalen, ier ee Mesuren aféiert, déi d’Leit zousätzlech belaaschten.

De Leit ënnert d'Äerm gräifen

Stéchwuert Investitiounen: Nach keng aner Regierung huet esou vill an den ëffentlechen Transport, déi erneierbar Energien, déi energetesch Sanéierung an an d’Energie-Effizienz investéiert. Och an Zukunft sollen d’Investissementer héich bleiwen. Parallel ginn déi bestoend Subside weidergefouert an ausgebaut: z.B. fir de Stéit beim Kaf vun Elektroautoen, bei der Installatioun vu Photovoltaikanlagen oder bei der energetescher Sanéierung vun hirem Doheem ënner d’Äerm ze gräifen.

Verflichtung, Klimaziler z'erreechen

Well awer den Transport fir de gréissten Deel vun den Emissiounen zu Lëtzebuerg responsabel ass, muss d’Regierung hei kloer Akzenter setzen. Wa se hir Ziler erreeche wëll, kënnt se net derlaanscht, lues a lues aus dem Tanktourismus erauszeklammen. De Max Hahn huet an deem Kader begréisst, dass déi Sortie no an no geschitt an net vun haut op muer. Et wier ee sech bewosst, dass doduerch eleng d’Klima net gerett gëtt, allerdéngs misst Lëtzebuerg gläichzäiteg sengen internationale Verflichtungen nokommen.

Lëtzebuerg féiert eng CO2-Bepreisung an, esou wéi déi meeschte Länner an Europa. De Max Hahn huet an deem Kontext begréisst, dass déi zousätzlech Recetten integral a klimafrëndlech a sozial Mesure fléissen:

Den CO2 verursaacht nieft dem Schued um Klima och Käschte fir d'Allgemengheet. Dofir sollen d'Suen, déi duerch d'CO2-„Bepreisung" erakommen och net dem Staat seng Täsche fëllen, mä direkt erëm un d'Allgemengheet zréckfléissen.

D'Hallschent vun de Recettë lant direkt bei deenen, déi et am meeschte brauchen, nämlech de sozial Schwaachen an der Mëttelschicht. Si wäerten also duerch d'CO2-“Bepreisung (quasi) net verléieren. Ganz am Géigendeel, wien an Zukunft manner CO2 verbraucht kann esouguer netto méi an der Täsch hunn.

Digitaliséierung erméiglecht nei Aart a Weisen ze schaffen

De Max Hahn huet awer och nach eng aner Pist ervirgehuewen, fir den CO2 aus dem Transport-Secteur ze reduzéieren. D'DP fuerdert scho méi laang, dass den Télétravail méi staark gefërdert soll ginn. Wa vun deene Leit, déi net am Kontakt mam Client sinn, mee haaptsächlech um Computer schaffen, jiddereen och nëmmen een Dag an der Woch doheem géif schaffen, da wiere scho vill manner Leit op eise Stroossen ënnerwee. Dëst géif also net just hëllefen, de Verkéier op de Stroosse méi flësseg ze maachen, mee et kéinten och nach eng ganz Rei CO2-Emissioune verhënnert ginn.

De Max Hahn huet dofir begréisst, dass de Staat do scho mam gudde Beispill virgeet, andeems de Fonction-publiques-Minister Marc Hansen e Pilotprojet an där Richtung lancéiert huet. Fir dass och méi Leit am Privatsecteur an de Genoss dovunner kënne kommen, misst een de rechtleche Kader unzepassen a steierlech Ureizer schafen. Et kéint ee sech effektiv virstellen, dass een de Büro, an deem een doheem schafft, vun der Steier kann ofsetzen, sou wéi dat haut scho bei den Enseignanten de Fall ass, sou de Max Hahn weider.

Zousätzlech zum Télétravail huet de Max Hahn sech och fir d'Schafe vun Co-working spaces staark gemaach, fir déi Leit, déi op d'Infrastruktur vun enger Büro ugewise sinn:

Den Télétravail ass awer net déi eenzeg Mesure, déi mir als DP virgeschloen hunn fir Verkéier ze verhënneren. Mir hu wëlles sougenannten Co-working Spaces zur Verfügung ze stellen, esouwuel fir staatlech Verwaltungen wéi awer och fir privat Entreprisen. Dëst si Bürosgebaier, déi ausserhalb vun der Stad an all de Regiounen vum Land opgeriicht ginn an déi vu Leit kënne genotzt ginn, déi net mussen physesch an der Stad present sinn.

 


Max Hahn