Sie sind hier

Fir ee staarkt Europa

News Europawahlen Tribune libre Außenpolitik Gusty Graas

De 25. Mäerz 1957 war ee besonneschen Dag: zu Roum gouf vu 6  Länner, dorënner Lëtzebuerg, déi europäesch Wärungsgemeinschaft gegrënnt. Wien hätt deemools geduecht, datt aus dem klenge Projet eemol eng staark Unioun mat 28 Länner géif entstoen? Et war e laangen a net ëmmer einfache Wee. Mam Vertrag vu Maastricht aus dem Joer 1993 war déi politesch Unioun dunn definitiv gebueren. 

Eng 62 Joer al EU-Geschicht läit hannert eis. Zäit also fir ee Bilan ze maachen an no vir ze kucken. Sécher, wann een haut un d’EU denkt, da komme gemëschte Gefiller op. Wou ass déi Dynamik aus fréieren Zäiten hin, wou ass dee Geescht vu Solidaritéit a Verantwortung bliwwen? Huet d’Europäesch Unioun nach eng geséchert Zukunft? Froen, déi sech d’Bierger stellen, an zu Recht. Un de Politiker ass et Léisungen ze fannen, fir d’Haus Europa net astierzen ze loossen. 

Tëschent dem 23. an dem 26. Mee, also a gutt 2 Méint, si Wale fir een neit Europaparlament. Et si sinn elo 40 Joer hir, datt dëst Parlament déi éischte Kéier direkt vun de Bierger gewielt konnt ginn. Haut ass dat eng Selbstverständlechkeet. An dach wäerte grad dës Wale vun enger besonnescher Bedeitung sinn, well sech leider ëmmer méi Kräfte bemierkbar maachen, déi manner Europa wëllen, awer dofir gäre méi staark Nationalstaate hätten. Et si Kräften, déi dat wëllen zerstéieren, wat fir 60 Joer Fridde gesuergt huet. Et si Kräften, déi Grondwäerter vun enger Demokratie, wéi Toleranz, Matbestëmmung an elementar Mënscherechter a Fro stellen. D’DP wëll keen esou een Europa a wëll sech och an Zukunft fir eng Wäertergemeinschaft asetzen. 

Et sinn eng Rei Chantieren, déi op d’EU zoukommen. Mir sinn net frou iwwer de Brexit, respektéieren de Britten hir Decisioun awer. Mir wëllen awer och an Zukunft mat hinnen eng geuerdent Relatioun op alle Niveaue fleegen, och wa mir eis natierlech net vun hinnen eppes virschreiwe loossen. 

D’Demokratesch Partei weess, datt nëmmen eng gemeinsam Asylpolitik dës grouss Problematik op eng human Aart a Weis léise kann. Mir setzen eis a fir eng nach méi staark Klimaschutzpolitik. Kloer ass, datt mir zu dësem Moment keng Erweiderung vun der Unioun wëllen.  

An net zulescht geet et ëm eis Sécherheet. Leider sinn d’USA ënner dem jëtzege President kee verlässleche Partner méi. Russland a China laueren nëmmen drop, datt Europa méi schwaach gëtt. Eng staark, gemeinsam EU-Aussen- a Sécherheetspolitik muss ee weidert Objektiv fir d’Zukunft sinn.    

Léif Nolauschterer,

Lëtzebuerg geet et gutt. Dat ass och well mir a villen internationalen Organisatiounen agebonne sinn, un éischter Linn natierlech der Europäescher Unioun. Dat soll och esou bleiwen. An d’DP bitt dofir déi néideg Garantie.

 


Gusty Graas

AnhangGröße
Audio Icon 20190318_ggraas_tribune_libre.mp34.86 MB