Sie sind hier

D’Gesellschaft an d’Politik sinn erëm am Takt!

News Arbeit Bildung Familie Finanzen Gesellschaft Haushalt Wirtschaft Eugène Berger

Dës Regierung mam Premier Xavier Bettel huet Lëtzebuerg aus dem politeschen, wirtschaftlechen a gesellschaftleche Stëllstand erausgefouert

dat sot den Eugène Berger e Méindeg op der Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun.

Wichteg Indicateuren hu sech déi lescht Joren zum Positive gedréint. Zuelen, déi duerch gutt europäesch an international Zensure confirméiert gi sinn.

Mat enger couragéierter Steierreform hunn DP, LSAP a Gréng fir d’éischt d’Staatsfinanzen an d’Riicht gebéit. Mat Elan an Engagement huet d’Koalitioun duerno dofir gesuergt, datt d’Land haut e gutt Stéck besser do steet, wéi viru fënnef Joer. Dat ass net näischt, wann ee bedenkt, a wéi engem Zoustand Lëtzebuerg am Ufank vun der Legislaturperiod war.

A ville Beräicher vun der Gesellschaft, wéi der Famill, der Aarbecht oder der Schoul – fir nëmmen déi ze nennen – si wichteg Upassunge geschitt, déi d’Politik nees an Aklang mam reelle Liewe vun de Leit bruecht hunn.

D’DP vergësst awer net, datt hir Politik och dorunner gemooss gëtt, datt et ëmmer méi Leit duerch hir Politik besser geet zu Lëtzebuerg.

Wann et dem Land gutt geet, da muss de Bierger dat och spieren, da mussen all d’Leit am Land vum Succès profitéieren

huet den DP-Fraktiounschef ënnerstrach.

Schliisslech wiere gutt Staatsfinanzen kee Selbstzweck, keng politesch Nabelschau, ma e Garant fir e gudde Sozialstaat a fir d’Investissementer an d’Leit.

D'DP zitt haut just en Tëschebilan. Mir hunn nämlech nach vill Iddie fir d'Zukunft a wëllen se an der nächster Regierung och ëmsetzen

esou de Constat vum Eugène Berger.


Eugène Berger