Sie sind hier

Budget 2018

News Finanzen Joëlle Elvinger Eugène Berger Pierre Gramegna

Liewensqualitéit, Kompetitivitéit a Kontinuitéit.

Dat sinn déi dräi Schlësselwierder mat deenen de Finanzminister Pierre Gramegna de Budget 2018 an der Chamber beschriwwen huet.

Bildung a Famill

Zu de Prioritéiten ziele sécherlech déi héich Investissementer an d'Bildung an an d'Famill. D'Schoulbicher ginn zum Beispill ab der nächster Rentrée am Secondaire gratis. Wann ee bedenkt, datt d'Familljen am Schnëtt ronn 300€ fir Schoulbicher ausginn, da wäert dat eng däitlech Entlaaschtung fir d'Famillje mat sech bréngen. Fir d'Schüler beschtméiglechst un d'Welt vum Digitale erunzeféieren, wäert de Bildungsministère de Schüler och 2018 nach eng Kéier 6.000 I-Pads zur Verfügung stellen.

Et gëtt awer och an d'Kanner investéiert. Fir déi nei gratis Kannerbetreiung an d'Sproochefërderung investéiert de Staat d'nächst Joer 380 Milliounen, 10,5% méi ewéi 2017. Zudeem ginn d'nächst Joer och iwwer 500 nei Poste geschaf, dëst esouwuel fir d'Kannerbetreiung ewéi och fir den Enseignement.

Allgemeng gekuckt, ginn d'Investissementer an d'Fonctionnementskäschte vun de Schoulen ënnert dëser Regierung an d'Luucht. Am Joer 2014 goufen 1,7 Milliarden an d'Schoulen investéiert, fir 2018 si ganzer 2,2 Milliarde virgesinn. Dëst beweist, datt net op Käschte vun der Kanner gespuert gëtt. Am Géigendeel, et gëtt massiv an d'Zukunft vun eise Kanner investéiert fir hinnen all déi beschtméiglechst Startchancen ze bidden.

 

"Mir maache kee Budget fir déi nächst Wahlen, mä fir déi nächst Generatiounen" - Pierre Gramegna, Finanzminister

D'Regierung passt d'Politik och un d'Besoine vun de Leit un. Dozou gehéiert zum Beispill ee gesonden Equiliber tëscht dem Beruffs- an dem Privatliewen. An dem Kontext ass den neie Congé parental ee grousse Succès. Ëmmer méi jonk Mammen a Pappe gräifen op deen méi flexibele Congé zeréck. De Staat gesäit dofir fir d'nächst Joer zousätzlech 98 Millioune vir. Och de sougenannte "Pappecongé" deen zukünfteg vun 2 op 10 Deeg klëmmt, wäert een deemnächst am Budget 2018 erëmfannen.

D'Schafe vum Wunnraum an d'Fërderen vum ëffentlechen Transport, d'Erhalen vun eiser Kompetitivitéit sinn zousätzlech Posten, déi den Finanzminister a senger Ried ervir gestrach huet.

Gesond Staatsfinanzen

Och wat Staatsfinanzen uginn, ass de Minister zouversiichtlech: "Mir hunn d'Kris zesumme gemeeschtert. D'Regierung huet et fäerdeg bruecht d'Staatsfinanzen iwwer déi lescht Joren erëm op zolidd Féiss ze setzen, an dat trotz enger Steierreform an héijen Investissementer".

Am Verhältnis zum PIB geet d'Staatsschold trotz Investissementer an Héicht vun 2,365 Milliarde progressiv erof, vun 22,7% vum PIB dëst Joer op 21,6% 2021. Am Gesamtstaat gouf et an dëser Legislaturperiod nach net een Defizit. Vun 2018 bis 2021 wäert all Joer een zolitten Iwwerschoss bleiwen, dëst Joer vun 333 Milliounen op iwwer eng 1,1 Milliard am Joer 2021.

No der Presentatioun vum Pierre Gramegna an der Chamber, ass et elo un der DP Deputéiert Joëlle Elvinger mat den Aarbechten un hirem Rapport unzefänken. "Als Rapportrice waard een natierlech ëmmer gespaant op de Moment vum Budgetsdépôt. Mä wann ech gesinn wat d'Prioritéiten dëst Joer sinn, dann frëen ech mech elo ëmsou méi elo endlech dierfen mat menger Aarbecht unzefänken", esou d'Joëlle Elvinger.

Méi Detailer a Graphiken iwwer d'Recetten an d'Dépensen vum Budget 2018 fannt dir um Site vum Finanzministère. http://budget.public.lu/lb.html


Pierre Gramegna

Eugène Berger

Joëlle Elvinger