Sie sind hier

De SCRIPT stellt sech nei op

News Bildung Lex Delles

An der Chamber goung et dës Woch ëm d’Restrukturéierung vum Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques, kuerz SCRIPT.

D’Uspréch, déi un de SCRIPT gestallt ginn, sinn duerch déi nei technesch Méiglechkeeten, an déi nei pedagogesch an didaktesch Offere gewuess a méi villfälteg ginn. Och d’Unzuel vun de Mataarbechter ass an deene leschte Jore staark gewuess.

D’Missiounen an den Organigramm vun dem SCRIPT gouf dowéinst redefinéiert. An Zukunft gëtt de SCRIPT a 6 Divisiounen ënnerdeelt. De Service soll soumat méi effizient schaffen an déi verschidde Programmer a Projete besser suivéiere kënnen.

Fir de Rapporteur vum Gesetz, de Lex Delles, ass dëse Service net méi ewech ze denken. „Et ass ee wichtegt Puzzelstéck fir de Prozess vu méi innovative Schoule weiderzedreiwen. Et ass sou ze soen de Moteur vum Developpement vun der nationaler Educatioun.

view video on chd.lu


Ried vum Rapporter Lex Delles

 


Lex Delles