Sie sind hier

Pakt „Pro Commerce“: Pilotprojet vum „Cadastre de commerce“ am Hierscht

News Arbeit Gemeinden Landesplanung und Wohnen Wirtschaft Lex Delles

An enger Question élargie stoung e Mëttwoch d’Dynamiséierung vum Commerce an de Stad- an Uertschaftskären.

De Ressortminister Lex Delles huet vun engem Trend zeréck zum Commerce de proximité , zemol an de Stied, geschwat. An e méi staarken, lokale Commerce hätt och positiv Effeten op de Commerce an de Gemengen. Eng Entwécklung, déi de Ministère géing ganz enk suivéieren.

De Pakt „Pro Commerce“ – a Collaboratioun ë.a. mat der Handelskonfederatioun – ass e ganz wichtegen Outil dobäi. E gesäit z.B. eng Erfarungsaustausch vir, d’Sich no Best-Practices aus dem Ausland oder et ginn thematesch Versammlungen ofgehalen, fir den Austausch mat de Gemengen ze fërderen.  

E wichtegt Instrument, dat de Ministère sech ginn huet, ass och d’Opstelle vun engem Cadastre du commerce. E Projet, deen elo zesumme mat der Chambre de Commerce a mat der clc ëmgesat gëtt. 

D’Zil ass et, fir eng konkret Upak ze kréien, fir Entwécklungen an de Stadkären ze detektéieren. Domadder kréien d’Gemengen eng Handhabung, fir eng intelligent Planung vun engem Quartier, enger Stad oder enger Regioun ze maachen.

Dee Kadaster ass an enger Pilotphase. Am Hierscht gëtt e Pilotprojet mat Gemengen uechter d’ganz Land gestart.

Zousätzlech lafen d’Preparative fir eng Etüd iwwert d’Behuele vun de Verbraucher, mat där de Commerce méi iwwert d’Erwaardungen an d’Besoine vun de Consommateure gewuer gëtt.

De Lex Delles huet schliisslech op d’Kadergesetz PME higewisen, dat staatlech Hëllefe fir d’Betriber – zemol am Commerce – virgesäit. D’nämmlecht wéi de 5-Jores-Plang vum Tourismus, dee Gemenge substantiell ënnert d’Ärem gräift, fir Duerf- a Stadkären z’amenagéieren.


Lex Delles