Sie sind hier

Spezialcongéen: Méi Zäit fir d'Famill

News Tribune libre Familie Claude Lamberty

Léiw Nolauschterer, 

D’Politik muss dofir suergen, dass d’Mënschen hiert Liewen gutt organiséiere kënnen an, dass de Realitéiten vun der Zäit Rechnung gedroe gëtt. Dass Elteren flexibel kenne sinn a bei hire Kanner bleiwen, wann déi moies ebemol Féiwer hunn oder dass béid Elteren, d’Mamm an de Papp hiren Neigebuerene Bebé an aller Rou kenne kenneléieren. D'Regierung  schafft weider drun, d’Gesetzer un d’Liewe an un d’Besoinen vun de Leit unzepassen.

Eng vun de Reformen, op déi virun allem jonk Koppelen waarden, ass sonner Zweiwel d’Ännerung vun de Congésdeeg fir Pappen bei der     Gebuert vun hire Kanner ma och eng méi grouss Flexibilitéit beim Elterecongé, wann      d’Kanner    krank sinn. Dobäi kommen nach eng Partie aner Changementer an deem nämmlechte Beräich.

Dee Gesetzprojet iwwer déi speziell Congéen ass elo an der leschter Ligne droite. D'DP ass houfreg, datt de Projet elo geschwënn an d'Chamber kënnt fir gestemmt ze ginn. Et ass e wichtege Schrëtt no vir, e Schrëtt deen et ville Famillje wäert erlaben méi Zäit a besonnesche Situatiounen fir hiert Kand ze hunn.

Wat ännert dann elo konkret ? Fänke mer mam Pappe-Congé un: 

An Zukunft kritt de Papp méi Deeg Extra Congé no der Gebuert vu sengem Kand – insgesamt 5 Deeg, di de Papp direkt no der Gebuert hëlt. Dat sinn 3 Deeg méi wéi elo an erlaabt et de Pappen no der Gebuert direkt fir d’Kand kënnen do ze sinn.

Et wäert sech och eppes fir di jonk Mammen änneren: den Ament huet all Fra, déi e Bebé kritt, 8 Wochen Congé no der Gebuert zegutt. Wann se dann niert, da kritt se nach emol 4 Wochen dobäi. Abee wann d’Gesetz bis gestemmt ass, dann huet all Fra 12 Wochen Congé zegutt no der Gebuert, egal op se niert oder net.

D’Regierung an d’DP sinn  der Meenung, datt all Mamme gläich sinn an datt et de Staat näischt ugeet, ob eng Mamm niert oder net.

D’Regierung well de jonken Eltere méi Zäit ginn fir hier Kanner. Fir sech kennenzeléieren. Fir Zäit mam Kand ze verbréngen a fir d’Kand dozesinn wann ee gebraucht gëtt.

En Contrepartie ginn d’Deeg beim Bestietnis a beim PACS erofgesat.

D’Kand steet am Mëttelpunkt vun den Iwwerleeungen bei der DP.

Dofir ass et eis wichteg, dass d’Elteren sech besser organiséiert kréien, och wann emol eng Situatioun kennt,déi een net virausgesinn huet. All d’Eltere, wou d’Mamm an de Papp schaffe, wëssen aus Erfarung wéi schlecht een drun ass, wann d’Kand op eemol moies Féiwer huet. Da muss een sech organiséieren: Wee bleift beim Kand?

Den Ament huet all Mamm an all Papp pro Joer 2 Deeg Congé zegutt wann d’Kand krank ass. D’Regierung huet decidéiert, dee Congé ze flexibiliséieren fir en un d’Besoinen vun haut unzepassen. Dofir gëtt e Contingent un Fräien Extra Deeg agefouert.

Well kleng Kanner mi dacks krank sinn a vill manner selbstänneg, huet d’Regierung decidéiert, de Mammen a Pappen 12 Deeg Congé pour raisons familiales ze ginn fir beim Kand, dat tëschent 0 a 4 Joer al ass, ze bleiwen.

D’Deeg, déi een net gebraucht huet, verfalen also och net méi no engem Joer wéi dat bis elo de Fall war.

Fir di krank Kanner tëschent 5 an 13 Joer hunn d’Mammen an d’Pappen jeeweils 18 Deeg Congé zegutt. A fir d’Kanner iwwer 13 Joer kommen nach emol 5 Deeg Congé fir d’Elteren dobäi, déi een awer nëmmen zegutt huet wann d’Kand an d’Klinik muss.

All di Congésdeeg bedeiten fir d’Elteren vill méi Flexibilitéit a méi Zäit mat de Kanner. Dat ass e grousse Fortschrëtt, dat ass eng modern Politik, dat ass eng Politik déi de Leit direkt zegutt kennt. All di Deeg si mat de Sozialpartner verhandelt ginn, a jiddereen, d’Patronat an d’Gewerkschaften, ware mat dësen Ännerungen averstanen.

Di jonk Elteren an déi, di et geschwë ginn, waarden op dat Gesetz a mir sollten dat esou séier wéi méiglech stëmmen, well et ass e modernt Gesetz wat der Realitéit vun haut Rechnung dréit.

„Ech si frou, datt d'Regierung an deem Dossier en Accord mat de Sozialpartner am Interessi vun den Elteren an de Kanner fonnt huet. D'Gewënner vun dësen Ännerunge SINN d'Kanner an hir Elteren.“

 


Claude Lamberty