Sie sind hier

Méi Sue fir de Museksunterrecht

News Kultur André Bauler

Haut gouf an der Chamber de Gesetzesprojet zum Enseignement musical gestëmmt. Dee gesäit vir, dass de Plafong vu staatlechen Hëllefe fir d’Museksschoulen erhéicht gëtt. De Staat dréit aktuell zwee Drëttel vun de Käschte vum Museksunterrecht am Land, dovunner déi eng Halschent direkt an déi aner Halschent indirekt iwwert de Fonds de dotation globale des communes. De Recht bezuelen d’Gemenge selwer.

Well déi zwee Montanten awer gedeckelt sinn, a well déi eenzel Schoulen en fonction vun hirem Status ënnert d’Äerm gegraff kréien, – d.h. e Conservatoire kritt méi wéi eng Museksschoul, an eng Museksschoul méi wéi Musekscoursen –, bedeit all zousätzlech Schoul oder Conservatoire, dass all déi aner proportional manner kréien. De rezenten Zesummeschloss vun enger 20 Musekscoursen zu 3 Museksschoulen hätt effektiv genee dat als Konsequenz gehat. Fir awer kee finanziell ze benodeelegen, gouf elo dat betraffent Gesetz geännert.

A senger Ried ass de Rapporteur, den DP-Deputéierten André Bauler och op d’Wichtegkeet vun der Musek agaangen:

„D’Musek an déi musikalesch Ausbildung, hunn awer net nëmmen ee grousse kulturelle Wäert, si spillen och am gesellschaftleche Liewen, grad ewéi an der kognitiver Entwécklung vun engem Mënsch eng net ze ënnerschätzend Roll. All déi sëlleche Museks- a Gesangsveräiner an den Dierfer a Stied sinn eng dreiwend Kraaft am Veräinsliewen an droen zur sozialer Kohäsioun bäi. Dofir ass et richteg an noutwendeg, dass déi ëffentlech Hand e gudden Deel vun de Käschten iwwerhëlt.“

 

Ried vum Rapporter André Bauler

 


André Bauler