Sie sind hier

Rekrutement am Fondamental: Mesuren droen hir Friichten

News Bildung Claude Meisch Lex Delles Gilles Baum

Zënter Jore feelt et un diploméierten Enseignante fir de Fondamental, déi sech dem Concours stellen. De Bildungsminister Claude Meisch huet dofir ee Gesetzprojet op de Wee bruecht, wat d'Penurie u qualifizéiertem Léierpersonal soll behiewen.

Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet a senger Ried ënnerstrach, datt d'Regierung hir Verantwortung iwwerholl huet, fir sech besser ëm Kanner mat spezifesche Besoinen ze këmmeren. Et géif net mat de Schoulstonne gespuert.

Et stinn haut méi Stonne pro Schüler zu Verfügung ewéi d'lescht Joer. Den Educatiounsministère huet also net nëmmen op d'Hausse vun de Schüler reagéiert, mä nach weider an d'Qualitéit vum Enseignement investéiert.
Gilles Baum

Den Hiewel gëtt u sech bei 3 konkrete Punkten ugesat: Beim Accès zum Concours, beim Concours selwer a bei der Dauer vum Stage.

Zwou Optioune beim Concours

Bis elo war et esou, datt een sech just konnt fir de Concours aschreiwen, wann een en Diplom hat, fir an alle Cyclen z’enseignéieren, also vum Cycle 1 bis de Cycle 4. Wann een also zum Beispill ee Bachelor fir d’Education préscolaire hatt, huet een nach e Passerelle-Joer missen am Ausland drunhänken, fir dann och kënnen am Enseignement primaire z’ënnerriichten an domat zum Concours zougelooss ze sinn.

Déi Konditioun gëtt elo ofgeschaaft. Et ginn dofir awer zwou Optiounen agefouert: Eng „Optioun C1“ an eng „Optioun C2-4“. D’Enseignanten, déi deemno eng Qualifikatioun fir de C1 hunn, kënnen sech dem Concours stellen, andeems se sech fir d’“Optioun C1“ aschreiwen. Dat nämmlecht gëllt fir d’Diploméiert aus dem C2 bis C4. Déi kënnen sech fir déi aner Optioun aschreiwen. Déi zukünfteg Enseignante kënnen doduerch méi séier zum Concours zougelooss ginn. Wann een awer wéilt am ganze Fondamental enseignéieren, da kann een elo och eng Formatioun wärend dem Schouljoer beim IFEN nohuelen.

Et muss een deemno neméi e ganzt Passerellesjoer am Ausland maachen, mä ed’kann een eng Formatioun en cours de l’emploi nohuelen. Déi ass bannent engem Schouljoer an huet 216 Stonnen.

Opwäertung vun der Réserve des suppléants

Am Fall, wou net all d'Plaze kënne vu qualifizéiertem Léierpersonal besat ginn, kréien déi sougenannte Quereinsteiger Accès zum Enseignement. Dëst si Bacheloren, déi een Ofschloss an engem Fach hunn, dat mat den Ziler vun der Education nationalen iwwerenee stëmmt.

Et geet nom Prinzip: „Esou mann ewéi méiglech, mä esou vill ewéi néideg!“.
Lex Delles

Et gëtt dofir eng extra Rekrutementskommissioun convoquéiert, déi den Dossier vun esou Kandidaten analyséiert. Och dës Bacheloren mussen natierlech eng pedagogesch Formatioun beim IFEN nohuelen, éier se sech dann nom Ofschloss vun dëse prakteschen an theoretesche Course kënne fir de Concours aschreiwen.

"Mir maachen eis Schoul besser."
Claude Meisch

Wéineg Versteesdemech hat de Bildungsminister Claude Meisch fir d’Kritike vun der Oppositioun, déi ëmmer vu Qualitéit wéilte schwätzen, mä net wéilten e Projet matdroen, dee grad den Accent op Qualitéit setzt. [méi...]

Dauer vum Stage gouf iwwerkuckt

De Stage gouf elo zu Gonschte vu ville jonken Enseignanten adaptéiert. Huet ee Kandidat nämlech wärend senger Studienzäit vu 4 Joer schonn op d’mannst 20 Woche Stage gemaach, da kritt en ee Joer guttgeschriwwen. De Stage gëtt an deene Fäll also vun dräi op zwee Joer gekierzt.

Mesuren droen hir Friichten

D'Efforte vun der Regierung droen dann och hir éischt Friichten: mat 201 frësch diploméierten Enseignante stellen sech 2018 méi duebel esou vill Kandidaten dem Concours ewéi nach am Joer virdrun. 2017 waren et där nämlech nëmmen 91. Am Ganzen hunn sech fir dëst Joer 239 Kandidaten ageschriwwen. D'lescht Joer waren et der just 168.

 


Gilles Baum

Lex Delles

Claude Meisch

AnhangGröße
Audio Icon 20180613_cmeisch.mp3697.23 KB