Sie sind hier

Institut fir Zäitgeschicht

News André Bauler

Am Kader vun enger Interpellatioun gouf des Woch an der Chamber iwwert d’Kompetenzfeld an d’Ausriichtung vum lëtzebuerger Institut fir Zäitgeschicht diskutéiert.

Dëst interdisziplinarescht Institut gëtt un d’Uni Lëtzebuerg rattachéiert an d’Missioun vun deem Institut, esou wéi et am Regierungsprogramm steet, ass déi vun enger wëssenschaftlecher Recherche déi  eis Zäitgeschicht op eng objektiv a kritesch Manéier ënnert d’Lupp hellt. Déi Analyse soll sech awer net just op déi Periode vum 2. Weltkrich beschränken, mä op dat ganz 20 Joerhonnert, dat heescht och d'europäesch Integratioun respektiv den Iwwergang vu Lëtzebuerg als Industriestanduert zu enger Déngschtleeschtungsgesellschaft oder och nach eis Mediegeschicht.

Fir den Nord-Deputéierten André Bauler ass et heibäi wichteg datt d’Institut eng opkläereresch a pädagogesch Missioun erfëllt : „Et muss d’Nowelt warnen a weisen, datt d’Geschicht ëmmer nees Momenter vu grave gesellschaftleche Feelentwécklunge kennt. Datt d’Institut also net vun der breeder Ëffentlechkeet ofgekapselt ass, datt en d’Geschicht erliefbar maache muss, datt en se de Leit verständlech maachen a méi no brénge muss, zum Beispill iwwer de Wee vu Konferenzen a pädagogesche Mëttel.

D’Institut wäert an der Wiel vun hire Sujeten an an hirer methodologescher Approche natierlech souverän bleiwen. Trotzdem denkt den André Bauler „datt et gutt a rotsam wier, wann et ee Comité d’Accompagnement géif ginn, deen d’Themen, déi besonnesch d’Famillje vu Krichsaffer beschäftegen, rekommandéieren a virschloe géif. Dat gouf de patrioteschen Organisatiounen och versprach. An de Recteur schéngt och näischt dogéint ze hunn.

D’Institut wäert dëse Summer seng Diren opmaachen, Enn Mee gëtt den Direkter dann och bekannt, ee Posten deen international ausgeschriwwe gouf. „Sollt kee Lëtzebuerger op dee Profil passen, da misst et awer zumindest e Personnage sinn, deen eis Kultur, eis Mentalitéit kennt a sech scho mat eiser Geschicht an eisen Traditiounen an Emfindlechkeete familiariséiert huet“, esou den Nord-Deputéierten.

Fir Ofzeschléissen huet den André Bauler den Députéierte Lex Delles zitéiert, dee während der Debatt iwwert den Artuso Rapport gemengt hat: „Et ass wichteg fir opzeschaffen, weiderzefuerschen an ze vermëttele fir ni méi ze vergiessen.

Weider Informatiounen

Ried vum André Bauler [méi...]

André Bauler