Sie sind hier

Leeschtung lount sech mam neie Revis!

News Tribune libre Gesellschaft Claude Lamberty

Aus dem RMG gëtt de Revis, an dat ass elo wäit méi wéi just just eng Verännerung vum Numm - et ass e Wiessel an der Philosophie vum System.

Et muss ee wëssen, dass haut ronn 10.000 Stéit am Land op den RMG ugewise sinn, an dass bal 6.000 Kanner dovu betraff sinn. Dat ënnersträicht wéi eng Importenz d’Reform fir ganz vill Leit am Land wäert hunn an och firwat et sou wichteg ass de Leit Weeër ze weisen déi aus der Aarmut erausféieren.

An Zukunft wäert de REVIS, de Revenu d’inclusion sociale, sech aus 2 Deeler zesumme setzen : enger Allocation d’inclusion an enger Allocation d’activation.

Bei der éischt genannter Allocation d’inclusion gëtt nieft engem Basis-Forfait pro Persoun besonnesch d’Kannerunzuel an d’Familljesituatioun gekuckt.

Bei der Allocation d’activation gëtt u sech déi eenzel Persoun belount déi bereet ass Efforten ze maachen an aktiv ze ginn.

Doduerch, dass an Zukunft och déi 2 Persounen am Stot dierfen aktiv ginn, eppes wat et am RMG net gouf, ginn d’Leit motivéiert aus hirer Passivitéit erauszekommen a ginn dofir och belount.

Kuerz e Beispill: Haut kritt e Stot mam RMG – wou just 1 Persoun dierf un enger Mesure deelhuelen 2732 €. An Zukunft – no der REVIS Reform – kritt dee selwechte Stot dann 3.997 € wann di 2 Persounen aktiv sinn. 

Resuméiert gëtt et e puer kloer Message déi mam neie REVIS vermëttelt ginn :

  1. Leeschtung gëtt belount ! Leit déi op de REVIS ugewise sinn an déi bereet si méi aktiv ze ginn, sollen och finanziell eppes dovun hunn an dat an hirem eegene Portemonni spieren. De Message ass kloer: net doheem sëtze bleiwen an drop waarden, dass de Staat sech ëm ee këmmert, mee selwer bereet sinn, duerch eng professionell oder sozial Mesure aktiv ze ginn an doduerch och méi Suen um Enn vum Mount ze hunn.
    D’Leit ginn also do ofgeholl wou se stinn a kréien déi Hëllef déi se konkret brauche fir sech an eiser Gesellschaft erëmzefannen. Dat bedeit fir déi eng méi Schaffe goen a fir déi aner u Mesuren deelhuelen, déi engem et erlaben nees an d’Aarbechtswelt an awer och besonnesch an d’Gesellschaft integréiert ze ginn. Béid Weeër gi belount an hu méi wéi ee Gewënner: Den eenzele REVIS-Bezéier, dee säi Liewen nees stabiliséiere kann an doriwwer eraus awer och eis ganz Gesellschaft.
  2. zweete wichtege Message vum neie REVIS: d’Kanneraarmut am Land gëtt aktiv bekämpft. Ronn 6.000 Kanner liewen an engem RMG-Stot a ronn 13% vun allen Haushälter déi haut op den RMG ugewise sinn, si Monoparentauxe mat engem oder méi Kanner. Elleng déi Zuele weise wéi dringend a wéi wichteg et ass eng Reform ze maachen an d’Kanneraarmut ze bekämpfen. Famillje mat méi Kanner oder elengerzéiend Eltere wäerten dofir och an Zukunft méi ënnerstëtzt gi well et grad déi Klengst a Schwächst an eisem Land sinn, déi et verdéngt hunn dass mir se ënnerstëtze fir aus der Aarmut erauszekommen.
  3. drëtte Message: Besser duerch méi Koordinatioun! Duerch d’Reform kënnt et allgemeng zu enger Erliichterung am administrative Beräich, well an Zukunft ELENG de Fonds NATIONAL de SOLIDARITE déi ganz Gestioun vun den Demanden inklusiv d’Decisiounen déi getraff gi verfollegt a well déi eenzel Acteure wéi ADEM, ONIS a FNS wäerte méi enk verknäppt zesumme schaffen.

Alles an allem eng Reform déi besser Koordinatioun op allen Niveaue versprécht, déi Leit belount fir hiert Aktiv ginn an se begleet fir sech an eiser Gesellschaft besser erëmzefannen a liewen ze kënnen. Eng Reform déi ganz kloer drop ofzielt den eenzele Mënsch ze ënnerstëtze fir säi Wee, e bessere Wee, an d’Zukunft kënnen ze goen.

 


Claude Lamberty