Sie sind hier

De Kulturentwécklungsplang am Fokus um Krautmaart

News Kultur Guy Arendt André Bauler

No den éischten „Assises culturelles“ 2016 ënnert der Bedeelegung vu groussen Deeler vun der Kulturzeen zu Lëtzebuerg, an engem Tëschebilan dat lescht Joer, gouf de Weekend am Stater Conservatoire de KEP, de Kulturentwécklungsplang presentéiert. Op ronn 200 Säite ginn hei eng sëlleche Recommandatioune formuléiert, wéi déi kulturell Zeen an den nächste Joren am beschten encadréiert a gefërdert soll ginn.

Den Dënschdeg de Mëtten ass dunn an enger Aktualitéitsstonn iwwert de Plang debattéiert ginn.

D’Regierung huet domadder ëmgesat, wat se an hirem Koalitiounsaccord festgehalen hat: d’Entwécklung vun enger integraler Strategie, déi d’Besoinen an d’Uleies vum Kulturmilieu opgräift an en adequate Kader schaaft, fir dass se erfëllt kënne ginn an d’Zeen sech optimal entfale kann. De KEP ass den éischte vu senger Zort, mee dofir ëmsou méi ambitiéis.

Mat der Bedeelegung vun de Kulturschaffenden, an enger participativer bottom-up-Approche gouf sou eng éischt Versioun vum KEP ausgeschafft.

Den DP-Deputéierten André Bauler huet dësen Aspekt a senger Interventioun ervirgestrach:

„ ... d’Politik huet der Kultur net virzeschreiwen, wat gutt oder schlecht fir si ass. Dëse Plang ass keng parteipolitesch Amëschung an d’Kreativitéit vun der Zeen, mee d’Artikulatioun vun de Besoine vun där Zeen. Dat Wuert Plang steet an dësem Kader och net fir stuert Handelen, fir eng rigid Struktur, a scho guer net fir eng Politik vum top-down. Nee: et steet fir Entwécklung a Verännerung, Participatioun a Flexibilitéit.“

Déi ugeschnidden Themen ëmfaassen all déi relevant Chantieren an der Kulturpolitik. Vun der Promotioun vum Kënschtler heiheem an am Ausland, iwwer d’Politik vun de Subsiden an d’Finanzéierung vun der Kultur, bis zur Wäertschätzung vun eisem Patrimoine an der kollektiver Memoire a vun der kultureller Bildung gëtt all wichtege Sujet ugeschwat. D’Recommandatiounen aus dem KEP sollen awer net als fix Reegele verstane ginn. Villméi stellen se déi grouss Richtlinne vun der kommender Kulturpolitik duer, déi sollen am Dialog an am iwwerparteileche Konsens bis de September konkretiséiert ginn. Deen Ament soll nämlech déi definitiv Versioun vum KEP virgestallt ginn. Bis dohinner ass nach Zäit, fir seng Bemierkungen a Suggestioune eranzeginn.

Fir sou en ambitiéisen 10-Jores-Kader ze entwéckelen, koum een net derlaanscht en exhaustiven Etat des lieux ze maachen, wéi de Guy Arendt ënnerstrach huet. An deem Kader wier et schonn eng Leeschtung, fir esou e komplett Dokument an nëmmen zwee Joer Opweises ze hunn.

„An der Vergaangenheet gouf vill iwwert sou e Plang geschwat, an ‘t ass näischt op d’Tapéit komm. Mir hunn net nëmme versprach, mir hunn et ugepaakt, an op de Pabeier bruecht!“

sou nach de Guy Arendt.

An enger Motioun gouf och festgehalen, fir d’Ëmsetzung vum KEP an engem Zweejores-Rhythmus z’evaluéieren, wa seng final Versioun bis steet.

 

 

Den DP-Deputéierten André Bauler

 

De Guy Artendt, Staatssekretär an der Kultur


Guy Arendt

André Bauler