Sie sind hier

Affer besser virun Zwangsprostitutioun schützen

News Gesellschaft Justiz und Sicherheit Lydie Polfer

Mir mussen derfir suergen, datt Fäll vu Mënschenhandel an Zwangsprostitutioun, déi och zu Lëtzebuerg stattfannen, esou séier wéi méiglech opgedeckt ginn an datt déi schëlleg Persounen adequat bestrooft ginn“, huet d’Lydie Polfer an der Chamber gefuerdert. Et ass dann och op dësen zwee Punkten, wou dat neit Gesetz usetzt. D’Police kritt e streng gereegelt Zougangsrecht zu Plazen, wou Zouhälterei stattfënnt. D’Viraussetzungen dofir si kloer, präzis an zesummenhängend Indizien an d’Autorisatioun vum Procureur.

Déi zweet Innovatioun vum neie Gesetz ass d’Penalisatioun vu Clienten, déi bezuelte sexuell Relatioune mat Persounen hunn, déi mannerjäreg sinn oder un enger offensichtlecher Vulnerabilitéit leiden. Dozou d’Lydie Polfer: „Op een elo de Fait gutt fënnt, datt et Prostitutioun zu Lëtzebuerg an op der Welt gëtt oder net, d’Ausbeute vu mannerjäregen a vulnerabele Mënsche kann een net gutt heeschen!“ Fir d’Opklärung vun dëse Verbrieche virunzedreiwen, gesäit d’Gesetz vir, datt déi Clienten, déi sech laut de neien Dispositiounen am Fong strofbar gemaach hunn, net bestrooft ginn, wa si als Témoin hëllefe fir Mënschenhandel a Proxénétissem opzedecken.

En drëtte wichtege Volet vum Gesetz ass déi offiziell Depenaliséierung vum Racolage fir Persounen, déi zur Prostitutioun gezwonge ginn. „Mir kënnen net op der enger Säit vun Affer schwätzen, déi mir mat alle Mëttele beschütze mussen, an dann op der anerer Säit dës Affer quasi als Täter och nach bestrofen“, huet d’Lydie Polfer ënnerstrach. D’DP begréisst dann och, datt d’Efforte vun der Sensibiliséierung a vun der EXIT-Strategie weider gefouert ginn.

 

Ried vun der Deputéiert Lydie Polfer

 


Lydie Polfer