Sie sind hier

Chamber: Aktualitéitsstonn iwwer de Brexit

News Finanzen André Bauler Pierre Gramegna

Den Dënschdeg de Mëtteg gouf an der Chamber nach eng Kéier de Point gemaach: Wéi wäit huet Lëtzebuerg bis elo kënne vum Brexit profitéieren, wéi en Afloss hunn déi rezent Evenementer a Groussbritannien op dee Brexit a wéi geet et allgemeng an deem Dossier virun?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet a senger Interventioun op déi sëlleche Firmen higewisen, déi an der Lescht ugekënnegt hunn, datt si wéilten op Lëtzebuerg kommen. D’Grënn dofir wieren net nëmme politesch a sozial Stabilitéit & Previsibilitéit, wéi se am Moment an England feelen. Och den Knowhow, déi héich qualifizéiert Aarbechtskraaft, d’Méisproochegkeet an den Innovatiounsgeescht wieren entscheedend Elementer fir d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg.

An deem Kader wieren och der Regierung hir Initiativen a punkto Fintech oder am Kontext mat nohaltege Finanzen – fir d’Virreiderroll vum Land ze ofzesécheren an auszebauen –  net ze vernoléissegen.

Och de Finanzminister Pierre Gramegna huet ënnerstrach, dass der Regierung hir Approche fir keng aggressiv Standuertpolitik ze maachen, mee Lëtzebuerg laangfristeg an op eng kooperativ Manéier ze stäerken, de richtege Wee gewiescht wier. Et géing nämlech net drëms, à tout prix nei Firmen an d’Land ze kréien, mee dorëm, fir d’Atoute vu Lëtzebuerg op laang Siicht auszebauen. Da kéimen d’Firme vum selwen.

Um Enn huet de Minister nach eemol op d’Risike vun engem ongereegelten Austrëtt vun England higewisen, virun allem wat de Finanzsecteur betrëfft. Well London nawell déi éischt Finanzplaz op der Welt bleiwe géing, kéint e chaotesche Brexit duerchaus déi global Finanzstabilitéit beaflossen. Gläichzäiteg huet de Pierre Gramegna awer betount, dass Lëtzebuerg op all Eventualitéit virbereet wier.


Pierre Gramegna

André Bauler