Sie sind hier
De beschte Sproch koum vum Lëtzebuerger

De Premier Xavier Bettel hat e leschte Sonndeg en Optrëtt op der däitscher Tëlee an der Emissioun vum Anne Will. Hien huet sech do mat grousser Leidenschaft fir déi europäesch Wäerter agesat. Et kéint nämlech net sinn, datt d'Politiker d'Erfolleger ëmmer fir sech verbuchen an d'Mësserfolleger op d'EU schubsen. Dat géif esou net goen, well: „Mir all si Bréissel“.
D'Hamburger Abendblatt huet esouguer eng Ausso vum Xavier Bettel als déi bescht vum Owend gekürt: "Dass ein neuer französischer Präsident mit der Europahymne auf die Bühne kommt, ist eine tolle Symbolik und mehr wert als Tausende Fahnen."
— Demokratesch Partei (@dp_lu) 7. Mai 2017
— Demokratesch Partei (@dp_lu) 7. Mai 2017
Hei kënnt Dir d'Sendung nach emol kucken [méi...]
An engem Pressecommuniqué huet och d'DP-Presidentin Corinne Cahen dem neie franséische President Emmanuel Macron gratuléiert.
„Den Emmanuel Macron steet fir e fortschrëttlecht a sozialliberaalt Frankräich. Ech wënschen dem neie President vill Kraaft a vill politescht Geschéck fir Frankräich aus dem jorelaangen Stëllstand erauszeféieren.“
Corinne Cahen
Hei fannt Dir de Pressecommuniqué [méi...]