Sie sind hier
Aktualitéitsstonn zum Tram
Den Donneschdeg huet den Deputéierte Gusty Graas fir DP an der Aktualitéitsstonn zum Tram geschwat. Hien ass op den aktuelle Stand vun den Aarbechten agaangen, déi gutt weiderkommen, dat besonnesch wat den neien Tramsschapp um Kierchbierg an de Funiculaire uginn. Enn des Joers wäert esou den éischten Deel vum Tram jo schonn a Betrib goen kënnen. Elo wou déi éischt Rame vum Tram geliwwert ginn ass, grad ewéi déi éischt Kabinn vum Lift um Arrêt Pont-Rouge, gët de Projet Tram ganz konkret. Ab 2021 wäert den Tram och déi den nei amenagéierte Findel ufueren. Och wäerten dann d’Ubannunge Luxexpo-Findel a Pont Rouge duerch d’Staat bis op d’Cloche d'Or stoen. An dësem Zesummenhang huet de Gusty Graas betount, dass et wichteg ass sech iwwert weider Strecke vum Tram Gedanken ze maachen, dat zum Beispill op den Heijenhaff oder a Richtung Hollerech.
Ried vum Gusty Graas