Sie sind hier

E modernt Wahlgesetz: Vereinfachung bei der Bréifwahl

News Gesellschaft Verfassung, Institutionen und Demokratie Eugène Berger

Op am ganze 7 Punkte gëtt d’Wahlgesetz geännert“, resuméiert de Rapporteur vum Gesetz an DP-Fraktiounspresident Eugène Berger. „Déi wichtegst a fir d’Leit am interessantesten Neierung ass sécherlech, datt an Zukunft jidderee kann d’Bréifwahl ufroen.

Bis elo konnten dat just Wieler maachen, déi op mannst 75 Joer al sinn, am Ausland liewen oder sech den Dag vun de Wahlen net an de Wahlbüro deplacéiere konnten. Dozou den Eugène Berger: „Mir liewen an enger schnelllieweger Zäit, wou vill Leit och emol kuerzfristeg an d’Ausland mussen. Dofir mëcht dëse Projet d’Bréifwahl op fir jiddereen. An Zukunft muss ee keng Uersaach méi hunn, firwat ee seng Stëmme wëll iwwer d’Bréifwahl ofginn“. Wieler zu Lëtzebuerg hunn an Zukunft och méi laang Zäit fir d’Bréifwahl unzefroen, nämlech bis 25 Deeg virun de Wahlen. Dat ass dann och online iwwert de Myguichet.lu méiglech.

Dat neit Gesetz kënnt och Persoune mat enger Séischwächt, déi sech bis elo begleede gelooss hunn. An Zukunft hu si sougenannte Wahlschablounen, mat deenen si ouni Hëllef wiele kënnen. Dës Ännerung suergt derfir, datt och dës Wieler vum Wahlgeheimnis profitéieren an net méi op eng zweet Persoun ugewise sinn.

 

Ried vum Rapporter Eugène Berger

 


Eugène Berger