Sie sind hier

D’Roll vun de Gemenge bei der Waasserversuergung

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Jean-Paul Lickes

Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt huet d’Gemengen als wichtegen Acteur bezeechent, deen eng Haaptroll bei der Drénkwaasserversuergung, bei de Kläranlagen, der Maintenance vun den Infrastrukturen an och bei der Fixatioun vum Waasserpräis spillt.

En vue vum staarke Bevëlkerungszouwuess hei am Land, wier de kommunale Secteur natierlech mat responsabel fir eng Planifikatioun, déi där Hausse misst Rechnung droen.

De Jean-Paul Lickes huet och d’Wichtegkeet vun de Quelleschutzgebidder a vum Héichwaasserschutz ënnerstrach, déi e groussen Afloss op d’Liewesqualitéit vun de Bierger hätten. Grad ewéi d’Renaturatioun vun de Flëss, déi dem Mënsch an der Natur géinge gutt doen.