Sie sind hier

Budget 2019: D’Digitaliséierung an den Déngscht vum Mënsch stellen

News Finanzen André Bauler

Et ass dat wichtegst an deierst Gesetz vum Joer: Den DP-Deputéierten André Bauler huet de Mëttwoch um Krautmaart säi mëndleche Rapport zum Budget fir d’Joer 2019 virgestallt. A senger Ried huet hien virop op déi héich Investitiounen higewisen, déi dëst Joer mat 2,5 Milliarden en neie Rekord erreechen an déi néideg si fir d’Land op d’Zukunft virzebereeden.

„D’Attraktivitéit vun eiser Ekonomie sécheren, de gesellschaftlechen Zesummenhalt stäerken an nohalteg wirtschaften, dat sinn déi dräi Ziler, un deenen sech den éischte Budget vun dëser Legislaturperiod orientéiert.“

Dozou gehéiert z.B. d’Digitaliséierung, déi et ze begleeden an am Déngscht vun de Leit ze gebrauche gëllt. Déi administrativ Vereinfachung an d’Digitaliséierung vun de Verwaltungen, duerch déi de Leit an den Entreprisen d’Liewe méi einfach gemaach wäert ginn, gehéieren zu de wichtegste Chantieren, déi d’Regierung an den nächste Joren ugoe wëll. Donieft wäert och weider an zukunftsweisend Technologien, wéi de 5G, investéiert ginn an d’Wirtschaft, virop déi kleng a mëttelgrouss Betriber, ginn ënnerstëtzt, fir d’Potenzial vun der Digitaliséierung beschtméiglech ze notzen.

Mee och den Ausbau vun den ëffentlechen Infrastrukturen, wéi den Zuch- an Tramsreseau, Spideeler a Schoulen, d‘Investitiounen an de Klima- an Naturschutz – déi mat 455 Milliounen 20% vun de ganzen Investitiounen duerstellen –  an och d’Erhéijung vum Mindestloun schreiwe sech an dëse Kader an.


André Bauler