Sie sind hier

Max Hahn: „Et ass net normal, dass verschidde Gemengen hir eege Bauterrainen un den Héchstbiddende versteeën!“

News Gemeinden Landesplanung und Wohnen Max Hahn

De Max Hahn huet dofir d'DP-Fuerderung no enger staatlecher Subventioun vu bis zu 100% bei kommunale Projete fir « logement à coût modéré » widderholl: „Mir wëllen de Gemengen am Kader vum Pacte logement 2.0 och e Logementsberoder zur Säit stellen, deen hinnen, ähnlech wéi beim Klimapakt, ënnert d'Äerm gräift fir esou Projeten ze realiséieren. Dat ass haut, besonnesch fir kleng- a mëttelgrouss Gemengen, nämlech net ëmmer esou einfach, well hinnen de Know-how an déi néideg Manpower feelen.” Dowéinst kéime vill Gemenge guer net op d’Iddi, fir vun hirem Virkafsrecht ze profitéieren.

Et wier der DP immens wichteg, dass zemol bei grousse Projeten op eng gewësse sozial Mixitéit sollt opgepasst ginn (Locatioun verbonne mat Vente [mat « bail emphytéotique »] an Haiser verbonne mat Appartementer). De Max Hahn huet och en drëtte Punkt aus dem Koalitiounsaccord ervirgehuewen. D’Bierger sollten nämlech d’Méiglechkeet kréien, fir sech selwer kënne finanziell un ëffentleche Bauprojeten ze bedeelegen. Dat wier eng gutt Method,  fir Sue sécher unzeleeën ouni mussen op de spekulativen Immobiliëmarché ze goen.

Mat der Ëmsetzung vun all dëse Mesuren däerft et eigentlech kee Grond méi ginn, datt eng Gemeng Bauterraine verkeeft, amplaz se selwer ze bebauen, esou nach de Max Hahn.

 


Max Hahn