Sie sind hier

D’Kasär um Härebierg gëtt renovéiert an ausgebaut

News Justiz und Sicherheit Gusty Graas

D’Deputéiert hunn den Dënschden hiren Accord ginn, fir eng ronn 140 Milliounen Euro ze deblockéieren, fir d’Gebailechkeete vun der Arméi um Härebierg ze renovéieren an auszebauen.

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet et begréisst, dass d’Lëtzebuerger Arméi endlech modern an un hir Besoinen ugepassten Infrastrukture kritt. D’Arméi hätt schliisslech eng ganz Rei international Verflichtungen, virun allem am Kader vun der NATO a vun humanitären Asätz, fir déi se och anstänneg preparéiert a gerüst misst sinn.

A wann een iwwert d‘Zukunft vun der Lëtzebuerger Arméi schwätzt, ass ee ganz séier bei den Infrastrukturen

sou de Gusty Graas weider.

D‘Demokratesch Partei géif zur Arméi stoen, an dowéinst hätt een och schonns 2013 am Wahlprogramm gefuerdert, dass den Härebierg misst renovéiert ginn. Dat géif elo geschéien, d‘DP hätt hei net nëmme Wäitsiicht bewisen, mee hier Fuerderung och ëmgesat.


Gusty Graas