Sie sind hier

Nei Regele géint de sozialen Dumping

News Arbeit André Bauler

D’Directive Détachement huet eng duebel Zilsetzung. Et geet engersäits drëm fir detachéiert Salariéeën an hir Rechter besser ze schützen, an anerersäits eng loyal Konkurrenz tëschent de Betriber an der EU ze garantéieren. „Sozialdumping ass kee Kavaléiersdelikt“, betount den André Bauler, „Et ass de bewosste Versuch fir geltend Aarbechtsrecht ze ëmgoen an d’Sozialversécherungen ze bedupsen“.

Den André Bauler begréisst ausdrécklech, datt d’ITM mat dësem Gesetz néi Mëttelen zur Verfügung gestallt kritt: „Virun allem d’Zoumaache vun engem Chantier no der Feststellung géint d’Aarbechtsrecht ass e wesentlecht Instrument“, esou den André Bauler, deen och eng weider personell Verstäerkung an e konsequent Virundreiwe vun der Ëmstrukturéierung vun der ITM fuerdert.

view video on chd.lu


Ried vum André Bauler

 


André Bauler